Web - Amazon

We provide Linux to the World

ON AMAZON:


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Béier (Gedrénks) - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Béier (Gedrénks)

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.


Dëse Gedrénksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.

<-- Dësen Artikel geet iwwer de Béier allgemeng. Fir Lëtzebuerger Brauereien an Zorte Béier, kuckt den Artikel Lëtzebuerger Béier -->

E Glas Béier
E Glas Béier

De Béier ass en alkoholescht, kuelesaierhaltegt Gedrénks, dat aus de Grondmëttelen Waasser, Happ a Malz hiergestallt gëtt, déi duerch den Zousaatz vun Hief ee Gärungsprozess duerchlaafen a sech dobai biochemesch veränneren.

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Geschicht

Schonn am ale Mesopotamien, also virun ongeféier 6500 Joer, hunn d'Leit well en béierähnlecht Gedrenks hiergestallt. Di al Ägypter hunn hallef gebaackent Brout mat Waasser vergäre gelooss an d'Resultat dovu war ebenfalls eng Sort Béier. Bei de Réimer huet de Béier „cervesia“ geheescht, no der Göttin vun den Feldfriichten „ceres“. D'Klouschterbrauereien am Mëttelalter hunn de geregelte Braubetrib agefouert. Zu der Zäit huer de Béier och als idealt Gedrënks fir Kanner gegollt well et gréisstendeels keimfräi war (wat ee vum Waasser net behaapte konnt) an den Alkoholgehalt méi niddreg war wi haut. Am spéiden Mëttelalter war d'Produktioun an de Genoss vum Béier a groussen Deeler vu Mëtteleuropa verbreet. 1842 war dunn en wichtegt Joer an der Geschicht vum Béier, well du fir d'éischte Kéier Béier no der Pilsner Brauart gebraut gouf. Bis haut ass de Pils dee meeschtegdronkenen Béier weltwäit. Hautdesdaags ass de Béier nom Wäin dat meeschtkonsuméiert alkoholescht Gedrënks op der Welt.

[Änneren] Zorten

Et ënnerscheed e graff tëschent 2 Grondzorte vu Béier, an zwar tëscht uewer- an ënnergäregem Béier. Zum uewergäregen Béier gehéiren z.B. Alt, Kölsch oder Weizen (och "Weißbier" gennant). Zum Grupp vum ënnergäregem Béier gehéiren de Pils, Schwaarzbéier an di meescht Festbéieren.

De Lambic, eng wéider Zort vu Béier baséiert op enger spontaner Gärung, déi duerch d'Hiefzorten Brettanomyces bruxellensis a Brettanomyces lambicus ageleet gëtt. Dës zwou Hiefzorten sinn nëmmen an der Géigend vu Bréissel, haapsächlech am Pajottenland, am Dall vun der Senne, an der Loft ze fannen.

[Änneren] Literatur

  • Rachel Reckinger, 2008. De Béier. In: Lieux de mémoire au Luxembourg. Erinnerungsorte in Luxemburg. 2. Editioun, S. 311-316. S. Kmec, B. Majerus, M. Margue, P. Peporte, éditeurs. éditions saint-paul, Lëtzebuerg. ISBN 978-2-87963-705-1.

[Änneren] Kuckt och

Static Wikipedia 2008 (March - no images)

aa - ab - als - am - an - ang - ar - arc - as - bar - bat_smg - bi - bug - bxr - cho - co - cr - csb - cv - cy - eo - es - et - eu - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - frp - fur - fy - ga - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - jbo - jv - ka - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - ms - mt - mus - my - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nn - -

Static Wikipedia 2007 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -
https://www.classicistranieri.it - https://www.ebooksgratis.com - https://www.gutenbergaustralia.com - https://www.englishwikipedia.com - https://www.wikipediazim.com - https://www.wikisourcezim.com - https://www.projectgutenberg.net - https://www.projectgutenberg.es - https://www.radioascolto.com - https://www.debitoformativo.it - https://www.wikipediaforschools.org - https://www.projectgutenbergzim.com