Arthur Unger
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Arthur Unger, gebuer den 11. Juli 1932 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Moler a Sculpteur.
Hie war un 1956-1960 Kolonialbeamten am Kongo, duerno huet hien an der Verwaltung vun der Nato zu Paräis geschafft. 1968 koum hien op Lëtzebuerg hannescht.
Hie schafft mat Tusch a Gouache an huet 1970 d'Technik vun de Pyrochimiogrammen entwéckelt.
1971 huet hien, zesumme mam Roger Dornseiffer an Édouard-Marie Weber, de Prix Grand-Duc Adolphe kritt.