Arlette Gruss
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D' Arlette Gruss, gebuer de 17. November 1930 zu Vernon a gestuerwen den 2. Januar 2006 zu La Fontaine-Saint-Martin am Departement Sarthe war Zirkusdirekterin.
D'Arlette Gruss entstaamt der bekannter Zirkus-Dynastie. Si war d'Kusinn vum Alexis Gruss, dem Direkter vum Cirque national, dee säin Numm dréit, an dat eelste Meedche vum Konschtreider mam Homonym, dem Alexis Gruss. Nom Dout vun hirem Papp huet se 1985 hiren eegenen Zirkus gegrënnt.
An der Zirkusarena huet si mat Panthere geschafft.