Ariston
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Kino Ariston vun Esch-Uelzecht ass ee vun deenen eelere Kinoen am Land.
De Kino fënnt een an der Rue Pierre Claude, net wäit ewech vun der Brill-Schoul, dem Friddensgeriicht an dem Escher Aarbechtsamt.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Sall
- De Sall huet 223 gemittlech Sëtzplazen
- De Filmprojektiounsapparat ass equipéiert fir 35 mm Filmer an D-Cinema
- Toun: Circle Surround, Dolby A, Dolby SRD, dts
- Den Ecran ass 12 m op 5 m grouss.
- Et kënnt ee mam Rullstull an de Sall.
[Änneren] Geschichtleches
De Kino gouf 1960 gebaut am Kader vun engem Centre communal des Oeuvres paroissiales. Seng Erëffnung huet en dann am Joer 1962 gefeiert. Den éischte Film dee gewise gouf war A Nun's Story.
Zënter 1978 goufe bal nëmmen nach Erotik-Filmer gewisen, bis datt den Ariston 1986 zougemaach huet. De 15. Mee 1991 huet den Utopia Group de Kino iwwerholl a restauréiert souwéi d'Technik op den deemolege Stand bruecht.
Am Mee 2006 huet dann den Utopia Group opgehalen den Ariston ze exploitéieren a Caramba huet en iwwerholl. Am Juni 2006 gouf de Kino komplett frëschgemaach an no enger Porte ouverte den 22. goung den Ariston op Nationalfeierdag nees op.
D'Gebai an deem nieft dem Kino e Bistro, e Festsall an e Konferenzsall ze fanne sinn gehéiert dem Parrot vun der "Grenzer Kierch". De Kino gëtt bedriwwe vu Caramba s.à r.l..
[Änneren] Adress
Ciné Ariston
rue Pierre Claude,
4063, Esch-Uelzecht