See also ebooksgratis.com: no banners, no cookies, totally FREE.

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Aquarium Discus Déifferdeng - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Aquarium Discus Déifferdeng

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Den Aquariumsveräin Discus gouf den 10. August 1962 zu Déifferdeng gegrënnt.

Logo vum Club

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Virstellung

De Club bitt senge Membere Fësch, Planzen a Fudder un. Ausserdem kënnen d'Memberen hei mat kompetente Rotschléi an Informatiounen vun den aktive Membere rechnen.

[Änneren] Aktivitéiten

  • Hëllef mat Ärem Aquarium doheem
  • Entretien vu verschiddenen ëffentlëchen Aquarien zu Lëtzebuerg
  • Ausflich
  • Visite-guidéeë fir Schoulklassen
  • Porte-ouvertë mat Zeecheconcoursë fir Kanner
  • All Joer e Stand um Déifferdenger Hobbymuart
den neie Veräinssall
den neie Veräinssall

[Änneren] Geschicht

De Club gouf den 10. August 1962 zu Déifferdeng gegrënnt. De Pierrot Duschinger war den éischte President vum Club an ass et och fir 10 Joer bliwwen. Am Ufank huet de Club sech op de Verkaf vun deemols moderner Technik (Heizungen, Filteren, etc.), Fësch, Planzen a Fudder spezialiséiert. De Club hat séier Handelsbezéiungen mat auslänneschen Aquaristikfirmen. Déi éischt Memberen hunn ugefaange fir de Veräin Fësch ze zillen. Ufanks vun den 1970er Joëren hat de Club dann esou e gudde Ruff zu Lëtzebuerg an an der Grenzregioun, datt en zu engem wichtege Fournisseur fir bekannten Aquaristikfirmen, wéi SERA, TETRA an EHEIM am ganze Benelux-Raum hätt kéinte ginn, mee well den Aquariumsclub no senge Statuten eng A.s.b.l. ass, konnt en dës Roll net akzeptéieren. 1994, ënner der Presidentschaft vum René Kauffmann, hat de Club eng Rekordzuel vun 350 Memberen an e Gewënn vun ëmgerechent ca. 40.000 € opweises.

Am Juli 2003 gouf de Veräin fir eng Renovatioun zou gemaach. Dank dem onermiddlechen Asaz vum President Marc Belardi, huet den Aquariumsclub DISCUS rem am selwechte, mee moderniséierte, Sall de 24. September 2005 um 15:30 no der Aweiung duerch de Buergermeeschter Claude Meisch (DP) an dem Gemengerot nees seng Dieren opgemaach. Haut gëtt de Club erfollegräich a motivéiert vun de Memberen ëm de President Marc Belardi gefouert.

D'Aweihung vum neie Veräinssall um 24. September 2005 um 15:30 vum Déifferdenger Buergermeeschter  Claude Meisch (DP)
D'Aweihung vum neie Veräinssall um 24. September 2005 um 15:30 vum Déifferdenger Buergermeeschter Claude Meisch (DP)

[Änneren] Comité

  • Marc Belardi - President
  • Jean Wintersdorf - Vitzepresident
  • Carlo Mersch - Sekretär
  • Alex Barthelmey - Trésorier
  • John Decker - Conseiller technique
  • Eric Pigat - Webmaster
  • Christian Wirtz - aktive Member

[Änneren] Um Spaweck


aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -