See also ebooksgratis.com: no banners, no cookies, totally FREE.

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
APESS - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

APESS

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.


Dësen Artikel zu engem Veräin oder enger Organisatioun ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.


D'APESS, d' Association des Professeurs de l'Enseignement Secondaire et Supérieur du Grand-Duché de Luxembourg a.s.b.l., gouf de 14. November 1905 gegrënnt. Si ass déi eelsten Enseignantsgewerkschaft zu Lëtzebuerg, politisch neutral an onofhängeg.

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Geschicht vun der APESS

Zu dësem Kapitel kuckt wann ech glift ënnert "Literatur", wou vun der Chronik vun der APESS rieds geet.

[Änneren] Aktivitéiten

[Änneren] Éditions APESS

D' Éditions APESS gëtt ët zënter 1982. Gegrënnt goufe se vum Carlo Felten (1946-2005),Professer um Lycée classique vun Dikrech. Seng Iddi war et, de Kollegen e Forum ze ginn, wou si sech kënnte fräi ausdrécken. Duerfir huet e fir d'éischt e Joerbuch "Récré" op d'Bee gesat. Bis zu sengem fréien Doud huet en eleng déi ganz Aarbecht gemaach. Vu "Récré" hunn, ënnert der Leedung vun de Kollegen Harsch, Kintziger,Milmeister, Thill a Wilhelm, dem Carlo seng Fra Monique a säi Jong Georges, am Joer 2007 d'Nummer 23 erausbruecht. An den Éditions APESS fënnt een och eng Rei praktesch Hëllefe fir verschidde Couren am Lycée. Bis elo koume 14 Bicher eraus, vun deenen der zwee ("Tour de Frantz" vum Frank Wilhelm, a "Federspiele" vum Roland Harsch) däermoossen e grousse Succès haten, datt eng zweet Oplo néideg gouf. Bis zum 31. Dezember 2007 hunn d'Éditions de l'APESS am Ganzen 93665 Bicher, Joresbicher a Léierhëllefe verkaaft.

[Änneren] Literatur

Pierre Lech a Raymond Schaack Chronique de l'APESS (Dikrech: Éditions APESS, 2006). De Pierre Lech, retraitéierte Professer vum Lycée classique d'Echternach huet dëst monumentaalt Wierk vu 525 Säite souzesoe ganz eleng gemaach. Et geet vun der "Ère héroïque des pères fondateurs (1902-1930)", iwwert "L'Association des Professeurs durant les crises avant, pendant et après la Seconde Guerre mondiale (1930-1955) zum Kapitel "L'Association des Professeurs de 1955 à 1980 face aux grandes réformes de l'enseignement secondaire" an dem leschten Ofschnëtt vun der Chronik "L'APESS de 1980 à 2005 en proie aux mutations permanentes de l'enseignement secondaire". De Raymond Schaack erzielt ofschléissend an engem Kapitel fir sech "Du Kaffiskränzchen à la Grève, ou de l'Association des Professeurs à l'APESS" d'Haaptevenement vu senger Presidentschaft, der éischter Grève vu Lëtzebuerger Staatsbeamte géint de Lëtzebuerger Staat. Um Schluss vun der Chronik fënnt de Lieser all Presidenten a Secretäre vun der APESS vun 1905 bis 2006.

[Änneren] Kuckt och

[Änneren] Um Spaweck


aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -