Abu Simbel
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Abu Simbel ass en Uert an der Wüst an Ueweregypten, um westlechen Ufer vum Nil, ongeféier 280 km südlech vun Assuan. Bekannt ass Abu Simbel virun allem wéinst zwee Fielsentempele vum Ramses II., déi hei leien.
Wéi beim Bau vum Stauséi d'Gefor entstoung, dass d'Tempelë kéinten iwwerschwemmt ginn, gouf duerch eng opwendeg an deier Aktioun, vun 1965 bis 1968, e Projet gestart fir se ze retten. Dëse Projet huet bis zu 42 Milliounen Dollar kascht. Tempelë goufen ausernee geholl an 180 m méi wäit am Land erëm opgebaut. Eng risegrouss Hallefkuppel aus Bëtong soll dat Ganzt schützen. Tempelë ginn bis zu 55 m wäit an di Bëtongskonstruktioun eran. Un de Wandmolereien an och bannen an den Tempelen ass neischt vun dëser Aktioun z'erkennen.
Zënter e puer Jorhonnerte sinn di zwéin Tempelen eng grouss Touristenattraktioun. Den Uert Abu Simpel ass weider och net méi bewunnt an huet just nach en Hotel an e Fluchhafe fir d'Touristen.
[Änneren] Tempel vum Ramses II.
De groussen Tempel ass dem Ramses II. geweit. D'Statue virum Tempel sinn 20 m héich a stelle véiermol de Ramses duer. Den Tempel ass esou gebaut ginn, dass den 22. Februar an den 22. Oktober d'Sonn duerch den Agang vum Tempel direkt op d'Statuë bannen am Tempel schéngt.
[Änneren] Tempel vun der Nefertari
De kléngsten Tempel ass den Hathor, deen dem Ramses sénger Fra Nefertari geweiht gouf. Nefertari ass genau wéi hiere Mann grouss am Stee veréiwegt. Di eenzel Figuren déi bei dësem Tempel a Stee geschloe goufen sinn d'Nefertari, de Ramses II. an den Hathor.
Zënter 1979 gehéieren d'Tempelë vun Abu Simbel zu der Weltierfschaft vun der UNESCO.
[Änneren] Um Spaweck
Egyptopedia – All d'Artikelen op der Wikipedia zum alen Egypten. |