Tour et Taxis
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Tour et Taxis (Thurn en Taxis op hollännesch) ass en Ensemble vu Gebaier zu Bréissel, dee laanscht de Bassin Vergote vum Hafe vu Bréissel läit. Dat Ganzt läit an der Gemeng Molenbeek-Saint-Jean, op engem Terrain dee 37 ha grouss ass. Déi ganz Infrastruktur war geduecht fir de Wuerentransit, haaptsächlech vum Ausland, an an d’Ausland, tëscht dem Hafen, dem Schinnentransport , an dem Stroossentransport ze maachen, a gouf Ugangs vum 20. Joerhonnert opgeriicht.
Haut huet dësen industriellen a kommerzielle Komplex seng initial Fonktioun verluer, an noodeems e sollt ofgerappt ginn, huet d'Fonderie sech derfir agesaat datt e soll erhale bleiwen, an esou ass mat der Restauratioun ugefange ginn.
De Komplex ass no Südosten op de ganzer Längt vum Bréisseler Hafe begrenzt. Am Nordosten an Nordweste ware Gleisinstallatiounen, déi an der Tëschenzäit ewechgerappt goufen, a vun der Strooss aus kënnt een iwwer d' rue Picard dohinner
[Änneren] Geschichtleches
Am Joer 1897 krut d' Société du Canal et des Installations maritimes vu Bréissel den Opdrag fir de Kanal vu Willebroek ze moderniséieren , a si krut dofir eng Plaz bei Laeken déi virdrun der Famill Thurn und Taxis gehéiert hat. Et war eng 37 ha grouss Wiss, op deeër d'Postentreprise Thurn und Taxis hir Postkutschepäerd lafen hat. Dohir och den Numm Tour et Taxis vun der Plaz.
1904 gouf mat der Konstruktioun vun dëser multimodaler Plattform ugefangen, déi haaptsächlech am Déngscht vun der Douane stoung.
Eng Serie vun imposante Gebaier gouf tëscht 1904 an 1907 gebaut, dorënner den Entrepôt Royal , den Hôtel de Douanes , en Entrepôt spécial, en Hangar de transbordement an en Hangar fir geféierlech Produkter. D'Pläng fir dat Ganzt ware vum Architekt Ernest Van Humbeek . Déi grouss Fassade sinn an Zillen an am Bloë Stee gebaut.
Gläichzäiteg huet d'SNCB eng nei Marchandisegare gebaut. Dës Gare maritime déi tëscht 1902 an 1910 opgeriicht gouf war op 4 ha verspreet, a war esou ugeluegt datt e puer Zich matenee konnten geluet oder eidel gemaach ginn.
Am Komplex deen 1980 zougemaach gouf, hu virdru bis zu 2.500 Leit geschafft.
En etlech Fabrécken déi haaptsächlech op Export geschafft hunn, hu sech am Laf vun der Zäit ronderëm installéiert.
No 1980 waren do nach en etlech kulturell Aktivitéiten, a wéi d’Gespréich opkoum datt sollt ofgerapppt ginn, huet d’Associatioun La Fonderie , ënnerstetzt vun TICCIH , ICOMOS a World Monument Watch , e klenge Krich musse féieren fir datt dat Ganzt soll erhale bleiwen.
De Restauratiounsprojet deen am Lafen ass, ass net vun haut op mar ze réaliséieren, mee an der Tëschenzäit ass d’Haaptgebai den Entrepôt Royal fäerdeg restauréiert an et hu schonns e puer Entreprisen a Geschäfter sech do installéiert. Enn Deel vum Gabäi ass fir Ausstellungen a kulturell Evenementer reservéiert.
Geographesch Koordinaten: 50° 52’ 01’’ N
04° 20’ 50’’ O
[Änneren] Um Spaweck
- Offiziell Websäit vun Tour & Taxi (fr) (nl) (en)