Infrastruktur
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Begrëff Infrastruktur kann an zwou grouss Kategorien opgeddeelt ginn déi sech vun hirem Gebrauch an Zil vuneneen ënnerscheeden.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Militäresch Infrastruktur
Zu der militärescher Infrastruktur géhéieren all d'Installatiounen, an territorial Organisatiounen déi fir de Fonctionnement vun der Sträitmuecht vun engem Land néideg sinn. Dozou gehéiert den Opbau, den Ënnerhalt, d'Rekrutement an d'Instructioun an den Arméien, grad esou wéi d'Kasären oder d'Base wéi Militärfluchhäfen a Schëffshäfen déi ausschléisslech vun der Arméi, der Loftwaff oder der Krichsmarine gebraucht ginn.
[Änneren] Zivill Infrastruktur
Zu der ziviller Infrastruktur vun engem Land gehéiere mat hiren Ënnerdeelungen all déi Installatiounen an Organisatiounen déi näischt mat dem militäresche Beräich ze dinn hunn, oder net exklusiv vun der Arméi benotzt ginn.
Dozou zielen an éischter Linn Infrastrukturen déi wichteg si fir d'Economie, d'Gesondheet an d'alldeeglecht Liewen an engem Land, an déi op ideologeschen a politeschen Iwwerleeungen an Noutwennegkeete baséieren. Si vermësche sech am Prinzip mat villen techneschen, medezinneschen, industriellen, oder och reliéisen Infrastrukturen.
[Änneren] Technesch Infrastrukturen
- Stroossen
- Eisebunnen
- Wasserstrossen
- Fluchhäfen
[Änneren] Industriell Infrastrukturen
- Schmelzen
- Gaswierker
- Raffinerien
- Atomkraftwierker
[Änneren] Medezinnesch Infrastrukturen
- Spideeler
[Änneren] Sportsinfrastrukturen
- Stadionen
- Vëlodromen
[Änneren] Reliéis Infrastrukturen
- Kierchen
- Pilgerplazen