Tour de France 1904
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Generalklassement | ||||||||||||||||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
|
Den zweeten Tour de France gëtt vum 2. Juli bis de 24. Juli 1904 gefuer.
[Änneren] Allgemenges
- Den Tour besteet aus 6 Etappen an huet eng Totaldistanz vu 2 429 km.
- D’Moyenne vum Gewënner (Henri Cornet) ass 25,265 km/h.
[Änneren] D’Affaire
Den zweeten Tour de France war och bal de leschte ginn. D’Kompetitioun war en Affer vun hirem eegene Succès vum Joer virdrun wéinst fanatesche Reaktiounen vu franséische Spectateuren a Faveur vun der Equipe « La Française » (d’Equipe vum Garin), a verschiddene Fuddlereien. Den Henri Desgrange denkt souguer drun fir d’Saach komplett falen ze loossen.
Als Folleg vun dësen Evenemter gëtt d’Resulat vum Tour eréischt definitiv den 2. Dezember homolgéiert. Aacht Coureuren ënnert hinnen déi véier Éischt aus dem Generalklassement ginn deklasséiert oder suspendéiert.
Sou kënnt et dat den Henri Cornet deen de fënneften am Generalklassement war op déi éischt Plaz rutscht an als Vainqueur deklaréiert gëtt. De Maurice Garin kritt eng Suspensioun vun zwee Joer opgedréckt (déi hien säi ganzt Liewe laang contestéiert), an de Lucien Pothier 2. zu Paräis gëtt liewenslänglech gespaart (dëst gëtt awer no dräi Joer erëm opgehuewen).
[Änneren] D’Etappen
Wéinst den Deklassementer vum 2. Dezember falen d’Etappegewënner (Garin, Pothier an Aucouturier) ewech.
Etapp | Datum | Etappestied | Distanz / km | Etappegewënner | 1. am Generalklassement |
1. Etapp | 2. Juli | Paräis - Lyon | 467 | Michel Frédérick Schwäiz | Michel Frederick Schwäiz |
2e Etapp | 9. Juli | Lyon - Marseille | 374 | Antoine Faure Frankräich | Émile Lombard Frankräich |
3e Etapp | 13. Juli | Marseille - Toulouse | 424 | Henri Cornet Frankräich | Henri Cornet Frankräich |
4e Etapp | 17. Juli | Toulouse - Bordeaux | 268 | François Beaugendre Frankräich | François Beaugendre Frankräich |
5e Etapp | 20. Juli | Bordeaux - Nantes | 425 | Jean-Baptiste Dortignacq Frankräich | Henri Cornet Frankräich |
6e Etapp | 23. Juli | Nantes - Paräis | 471 | Jean-Baptiste Dortignacq Frankräich | Henri Cornet Frankräich |
[Änneren] Um Spaweck
Tour de France |
1903 | 04 | 05 | 06 | 07 | 08 | 09 | 10 | 11 | 12 | 13 | 14 | 19 | 20 | 21 | 22 | 23 | 24 | 25 | 26 | 27 | 28 | 29 | 30 | 31 | 32 | 33 | 34 | 35 | 36 | 37 | 38 | 39 | 47 | 48 | 49 | 50 | 51 | 52 | 53 | 54 | 55 | 56 | 57 | 58 | 59 | 60 | 61 | 62 | 63 | 64 | 65 | 66 | 67 | 68 | 69 | 70 | 71 | 72 | 73 | 74 | 75 | 76 | 77 | 78 | 79 | 80 | 81 | 82 | 83 | 84 | 85 | 86 | 87 | 88 | 89 | 90 | 91 | 92 | 93 | 94 | 95 | 96 | 97 | 98 | 99 | 2000 | 01 | 02 | 03 | 04 | 05 | 06 | 07 | 08 |