Schmelz
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Eng Schmelz ass eng industriell Installatioun, déi als Zil huet, duerch Aschmëlze vu Matière eng aner Matière hirzestellen, déi verschafft a verkaaft ka ginn.
Etymologesch kënnt d'Wuert Schmelz vum Verb "schmëlzen", dat eng Ännerung vum chemeschen Agregatiounszoustand vun enger Matière bedeit.
An der Entwécklung vun der lëtzebuerger Siderurgie hu Schmelzen zu Lëtzebuerg eng grouss Roll gespillt.
Aus Äerz, notamment lëtzebuerger Minette, déi virun allem am Süde vum Land an der sougenannter Minettsgéigend afgebaut ginn ass, ass a Schmelzen verschafft gin.
[Änneren] Produktiounsweis
An Héichuewe gëtt mat Hëllef vu Brennmaterial (dacks Kok) Äerz esou erhëtzt, dass d'Metall sech aus dem Steen léist. Daat lo flëssegt, also ageschmolzent Material, gëtt iwwer Eisen- oder Stolstroosen aus dem Héichuewen geleet an zu diverse Produkter verschafft.
[Änneren] Standuerter vu Schmelzen zu Lëtzebuerg
- Déi grouss Schmelze vum Land sinn am Süden ze fannen, notamment zu Déifferdeng, Esch a Rodange, Schëffleng.
- Déi Diddelenger Schmelz déi Matgrënnerin vun der ARBED war, gouf an den 80er Joren, wéi d'Flëssegphas duerch grouss Elektroiewen ersat gouf, deelweis ofgerappt, an et ass just e kaalt Walzwierk an eng Verzénkungsanlag am Greisendall stoe bliwwen.
- Méi kleng Schmelze ware fréier och mi nërdlech ze fannen wéi zu Stengefort oder zu Simmer (kuckt: Stengeforter Schmelz a Simmer Schmelz).
- Déi Dummeldenger Schmelz war eng vun den éischten am Land.
- Ee vun den éischten Héichuewe stoung tëscht Fëschbech an der Fiels. D'Reschter kann een am Bësch, net wäit vun de Frelleweiere vu Fëschbech op der Schmëdd gesinn, ongeféier 300 Meter vum rietsen Uwänner vun der Wäisser Iernz. De Schmelzeweier ass och nach do ze gesinn, an de Flouernumm Nei Schmelz erënnert drun, datt do mol eng Schmelz stoung.
- D'Zowaascher Schmelz