Protection Civile
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Protection Civile, oder kuerz einfach Protex genannt, ass eng lëtzebuergesch Organisatioun déi 1936 vu Fräiwellege gegrënnt gouf.
Eng Reorganisatioun war Ufank der 1960er Joren (et war d'Zäit vum Kale Krich), wou d'Definitioun vun hiren Aufgabe méi vaste war, an zwar, d'Bevëlkerung virun de verschiddene Bedrohungen ze schützen, wat een och an hirem Logo erkenne kann (e Ris dee mat engem Schëld, deen hien no uewen hält, ee Männche schützt). Mam neie Gesetz gëtt et d'Protection Civile u sech net méi. Si ass 'just' nach eng Ofdeelung, betreit vum Guy Bley, vun der ASS, der nei gegrënntener Administration des Services de Secours, déi d'Pompjeeën an d'Protex ënnert een Hutt bréngt.
Direkter vun der ASS ass zanter dem 1. Juli 2004 de Michel Feider. Gréisstendeels maachen all d'Memberen hir Aufgab fräiwelleg, dat gëllt awer net fir d'Employéë vun der Direktioun, der Leitstell an dem Atelier zu Lëntgen.
Mat der Telefonsnummer 112 kënnt een direkt an d'Leitstell déi zu Gaasperech iwwert der Direktioun ass. An hir kann all Bierger ëm Hëllef froen a kritt déi och normalerweis. Ausserdeem kann ee sech um 112 iwwer Apdikten, Spideeler a Véidokteren am Déngscht renseignéieren.
[Änneren] Aufgabe vun der Protection Civile
Am Laf vun de Joren huet d'Protection Civile sech zu enger Vereenegung aus ville klengen oder grousse Fachtruppen developpéiert. Si sinn:
- Den Ambulanz-Service, fir de Krankentransport an der Rettung vu Leit aus hirer Nout;
- De SAMU, de Service d'Aide Médicale Urgente dee mat engem Noutdokter a schwéiere Fäll d'Ambulancieren ënnerstëzt;
- De Sauvetage, deen technesch Hëllefsleeschtunge mécht, an d'Ambulanz ënnerstëzt, z.B. beim Rette vu Mënschen;
- De GPR, de Groupe de Protection Radiologique deen am Fall vun nukleare Katastrophen zur Hëllef kënnt;
- De Groupe Chimique, dee bei biologeschen oder chemesche Katastrophen zur Hëllef kënnt;
- De Groupe des Hommes-Grenouilles, deen op Rettungsaktiounen ënner Waasser spezialiséiert ass;
- De Groupe Canin, dee mat senge Sichhënn no vermësste Persounen siche kann;
- De GSP, Groupe de Support Psychologique, deen an Noutsituatiounen (Accidenter, Suizider) séilesche Bäistand ka leeschten;
- De Groupe Logistique Ravitaillement, dee bei grousse Schied, Affer an Hëllefstruppe mat Iessen an Drénke versuergt. Momentan gët dës Grupp an zwou separat Gruppen opgedeelt, e Groupe Logistique an e Groupe Ravitaillement;
- De Groupe d’Alerte, deen an Krichsfall oder bei nuklearen Tëschefäll de Schued an d'Situatioun analyséiert a koordinéiert;
- Den HIT, den Humanitarian Intervention Team, deen am Noutfall an d'Ausland, z.B. an Äerdbiewegebidder geschéckt ka ginn.
All dës Gruppen, déi opgezielt goufen, sinn op hirem Gebitt ausgebilt, a maachen hir Aarbecht fräiwëlleg. Dësweidere këmmert sech d'Protection civile och nach ëm d'Alarméierung vun de Pompjeeën, an d'Organisatioun vun Éischt Hëllef-Coursen an och ëm d'Ausbildung vun hire Memberen.
[Änneren] Kuckt och
[Änneren] Um Spaweck
- 112 - Portail des Secours du Grand-Duché de Luxembourg
- Centre d'intervention Beetebuerg
- B.N.S.(Base Nationale de Secours) zu Lëntgen
- Centre d'intervention Beetebuerg
- Centre d'intervention Dudelange
- Centre d'intervention Junglinster
- Centre d'intervention Stengëfort
- Centre d'intervention Ettelbreck
- Gesetz vun 2004 (Loi du 12 juin 2004 portant création d’une Administration des services de secours)