Éischt Hëllef
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Éischt Hëllef ass eng net-medezinesch Hëllef déi Persounen an onglécklechen Lagen zugudd kënnt.
Duerbai spillt et am éischten Moment keng Roll, ob dës Hëllef qualifizéiert ass oder net. Fir allerdéngs eng effektiv Éischt Hëllef kënnen unzebidden ass et onerlässlech en Cours matzemaan. Dës Couren gin et iwwerall an verschiddenen Ausféirungen ob der Welt. En Cours an der Éischt Hëllef sollt ënner aanerem folgend Punkten ëmfaassen:
- Oofsetzen vun engem Noutruff
- Biergen vun enger Persoun
- Stabil Säitelag
- Schockzoustänn
- Häerz-Longen-Reanimatioun
- Vergëftungen
- Wonnenversuergung
- Frakturen
- Verbrennungen
- Infarkter, Asthma, Iwwer- an Ënnerzocker
[Änneren] Éischt Hëllef zu Lëtzebuerg
Zu Lëtzebuerg gin et eng Reih Bestëmmungen zur Éischter Hëllef.
Nach ass en Cours an der Matière fir den Führerschäin net obligatoresch. En Cours ass allerdéngs ëmmer vun Viirdeel. D'Croix Rouge an d'Protection Civile bidden dëss Couren gratis an den Gemengen, Betriber an Schoulen un.
Den Slogan 3 Minutte fir e Liewen mécht dorobber Referenz, dat bei akuten Noutfäll déi éischt 3 Minutten iwwer Liewen an Doud kënnen entscheeden. Eng Zäit an däer keng Ambulanz kann do sin.
E Gesetz seet, dat eng Persoun sech strofbar mëcht, wa si net no beschtem Wëssen a Gewëssen hëlleft. Sollt een e Feler bei enger Éischter Hellef maan an doduerch dem Patienten Schued zoufügen, kann dëss Persoun dofir net belaangt gin.
En Éischt Hëllef Cours dauert hei 14 mol zwou Stonnen an schléisst mat enger Prüfung an engem Diplome en Secourisme of.