Norbert Le Gallais
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Norbert Le Gallais(-Metz), gebuer de 17. Abrëll 1860 zu Siweburen a gestuerwen de 5. Mäerz 1934 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Affekot, Politiker an Industriellen.
Hien huet Droit studéiert a krut 1884 säin Doktorat. 1890 gouf e Generalsekretär vun der Eecher Schmelz an 1895, nom Doud vum Édouard Metz, hiren Direkter. 1904 gouf d'Gesellschaft, déi d'Schmelz bedriwwen huet, an Le Gallais, Metz & Cie ëmbenannt, an den Norbert Le Gallais huet vum Émile Metz d'Plaz vum Commandité-gérant iwwerholl. An deeër Functioun huet hie sech dofir agesat, d'Dummeldenger Schmelz ze moderniséieren.
1911 huet d'Société Le Gallais Metz & Cie mat der S.A. des Hauts fournaux et forges de Dudelange an der Société anonyme des Mines du Luxembourg et Forges de Sarrebruck fusionnéiert, fir dorausser d'ARBED ze schafen. Den Norbert Le Gallais koum an de Verwaltungsrot.
1892 – 1895 war hie Gemengerot an der Stad Lëtzebuerg, an 1908 gouf hien an d'Chamber gewielt.Hien huet sä Chambersmandat 1916 opginn, fir 2 Joer ausser Lands ze goen, gouf 1919 nees Deputéierten a gouf 1922 errëmgewielt.
1926 huet hie mat der Oppositioun géint e Gestzesentworf vun der Regierung Prüm gestëmmt, deen den Aarbechter bezuelte Congé erméigleche soll. De Regierungschef Pierre Prüm huet dopropshi missen demissionnéieren (de Gesetzprojet gouf am November vum selweschte Joer vun der Regierung Bech nees virgeluecht an ugeholl – den Norbert Le Gallais war bei deer Ofstëmmung net dobäi). 1931 gouf de Le Gallais, elo op der Lëscht vun der Radikal-liberaler Partei erëmgewielt.
Hie war 1906 Matgrënner an éischte President vum Automobile Club luxembourgeois an zënter senger Grënnung 1914 Member vum Verwaltungsrot vum Institut Emile Metz. Bis zum Éischte Weltkrich war hie Konsul vu Groussbritannien.
Den Norbert Le Gallais war zweemol bestuet: Fir d'éischt mat senger Kusinn, der Julie Metz, Duechter vum Gustave Metz, mat deeër e 4 Kanner hat, an déi 1909 gestuerwen ass, a fir zweet mat der Marie-Anne de Gargan, mat deeër en an der Villa Vauban gewunnt huet.