Noen Osten
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Noen Osten (Arabesch الشرق الأوسط asch-scharq al-ausat ëmfaasst am geographesche Sënn d’Länner vun der Arabescher Hallefinsel an déi Staaten, déi dorunner ugrenzen. Fréier gouf d'Gebitt vum Osmanesche Räich baussent Europa esou bezeechent.
An dëser Bezeechnung äussert sech eng kontinental-europäesch Visioun op e Gebitt, bei deem et sech am wesentlechen ëm Westasien souwéi ëm kleng Deeler vu Nordafrika handelt.
De Noen Osten ëmfaasst (meeschtens) déi heite Staaten an autonom Gebitter:
- Bahrain
- Egypten (am méi enken, ongebräichleche Sënn nëmmen den asiateschen Deel, also de Sinai)
- Irak
- Iran (net ëmmer, well et weeder arabesch nach fréier osmanesch ass)
- Jemen
- Jordanien
- Katar
- Kuwait
- Libanon
- Autonom Republik Nachitschewan
- Oman
- Palästinensesch Autonomiegebitter
- Kurdesch Autonom Regioun
- Saudi-Arabien
- Syrien
- Tierkei
- Vereenegt Arabesch Emirater
De Begrëff Mëttleren Osten, deen een emmer méi an de Medien fënnt, gëtt meeschtens als wiertlech Iwersetzung vum engleschen Ausdrock Middle East benotzt, deen dat selwecht geographescht Gebitt bezeechent an och an den uewe genannten arabeschen an hebräeschen Bezeechnungen erschéngt (ausat ass den arabeschen, tichon den hebräeschen Begrëff fir "mëttleren"). Am lëtzebuergesche Sproochgebrauch ass de Gebrauch vum Begrëff dogéint mëssverständlech, well hei de Mëttleren Osten am Fong en anert geographescht Gebitt bezeechent. Zur Zäit vum Osmanesche Räich hunn d’Brite vun Near East (Gebitt ouni den Iran) geschwat. Middle East huet deemools d’Gebitt Iran, Afghanistan, Kaukasus, Zentralasien bezeechent.
[Änneren] Literatur
- Pawelka/Richter: Religion, Kultur und Politik im Vorderen Orient. VS Verlag, 2004, ISBN 3-531-14098-1
- V. Perthes: Geheime Gärten - Die neue arabische Welt. Goldmann, 2003, ISBN 3-442-15274-7
- V. Perthes: Vom Krieg zur Konkurrenz - Regionale Politik und die Suche nach einer neuen arabisch-nahöstlichen Ordnung. Nomos Verlag, 2000, ISBN 3-789-06712-1
- Margret Boveri: Wüsten, Minarette und Moscheen - Im Auto durch den alten Orient. Mat engem Préface vum ’’Peter Scholl-Latour’’. Berlin 2004, wjs-Verlag, ISBN 3-937989-06-4