Lepus (Stärebild)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Date vum Stärebild Lepus | |
---|---|
Lëtzebuergesche Numm | Hues |
Laténgesche Numm | Lepus |
Laténgesche Genitiv | Leporis |
Laténgesch Ofkierrzung | Lep |
Rektaszensioun | 4h 55m bis 6h 12 m |
Deklinatioun | -27° 16' bis -10° 48' |
Fläch | 290 Quadratgrad |
Siichtbar op de Breedegraden | 60° Nord bis 90° Süd |
Observatiounszäitraum fir Mëtteleuropa |
Wanter |
Zuel vu Stären mat Gréisst < 3m |
2 |
Hellste Stär, Gréisst |
Ameb (α Leporis), 2,58m |
Meteorstréim | - |
Nopeschstärebiller (vu Norden am Auerzäresënn) |
Orion Eridanus Caelum Columba Canis Major Monoceros |
Den Hues (latäin Lepus) ass e Stärebild an der Géigend vum Himmelsäquator.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Beschreiwung
De Lepus ass südlech vum opfällegen Orion ze fannen. Vu Mëtteleuropa aus steet dëst Stärebild am Wanter déif iwwert dem Südhimmel.
Zwee vu sengen Stären sinn méi hell wéi déi 3. Gréissteklass.
Am Lepus befënnt sech de Kugelstärekoup M79
[Änneren] Geschicht
De Lepus gehéiert zu de klasseschen 48 Stärebiller vun der antiker Astronomie, déi schonns dem Ptolemäus bekannt waren.
[Änneren] Himmelsobjete
[Änneren] Stären
B | F | Nimm o. aner Bezeechnungen | Gréisst | Lj | Spektralklass |
---|---|---|---|---|---|
α | 11 | Arneb, Arnab | 2,58m | 1200 | F0 Ib |
β | 9 | Nihal, Nibal | 2,81m | 159 | G4 II |
μ | 5 | 3,0 bis 3,4m | 200 | B9 III | |
ε | 2 | 3,19m | 150 | K5 III | |
ζ | 14 | 3,55m | 80 | A3 V | |
γ | 13 | 3,59m | 26 | F6 + G5 | |
η | 16 | 3,71m | 70 | F0 Iv | |
δ | 15 | 3,76m | 150 | G8 III | |
λ | 4,29m | ||||
κ | 4,36m | 250 | B8 + F1 | ||
ι | 4,45m | ||||
θ | 4,67m | ||||
17 | 4,92m | ||||
19 | 5,28m | ||||
ν | 5,25m | ||||
R, Karmesinstern, Hinds Purpurstär | 5,5 bis 11,7m | ||||
10 | 5,53m | ||||
1 | 5,74m | ||||
12 | 5,88m | ||||
Gliese 229 | 8,14m |
Den α Leporis ass ronn 200 Liichtjoer vun eis ewech. De Stär gehéiert zu der Spektralklass F0 Ib. Et handelt sech ëm e Stär, mat der 10facher Mass an dem 75fachen Duerchmiesser an der 13.000 facher Liichtkraaft vun eiser Sonn.
De Numm „Arneb“ ass arabesch a leet sech of vun „al arnah“ fir „Hues“.
De β Leporis ass 159 Liichtjoer vun eis ewech. Et ass e Risestär a liicht giel. Seng Spektralklass ass G4 II.
De Numm „Nihal“ ass arabesch a bedeit souvill wéi „Kaméiler, déi hiren Duuscht läschen“.
De Stär Gliese 229 läit op enger Distanz vun 19 Liichtjoer an ass ee vun de Noperen vun eiser Sonn. Et handelt sech ëm ee Rouden Zwergstär mat der Spektralklass M1 V. Am Joer 1998 gouf e Beleedstär, e Brongen Zwerg mat der 20 bis 50facher Mass vum Planéit Jupiter nogewisen.
[Änneren] Duebelstären
System | Gréissten | Ofstand |
---|---|---|
γ | 3,6/6,2m | 97" |
κ Lep | 4,4/7,3m | 2,6" |
Den γ Leporis ass en Duebelstäresystem op enger Distanz vun nëmmen 26 Liichtjoer. Déi zwee Komponenten kënnen schonns mat engem klengen Teleskop gedeelt ginn.
[Änneren] Verännerlech Stären
Stär | Gréisst | Period | Typ |
---|---|---|---|
μ Lep | 3,0m bis 3,4m | ca. 2 Deeg | hallefregelméisseg Verännerlecher |
RX Lep | 5,0 bis 7,0m | onregelméisseg | onregelméisseg Verännerlecher |
R | 5,5 bis 11,7m | 430 Deeg | Mira-Stär |
Op enger Distanz vun 200 Liichtjoer läit den μ Leporis. Et ass e verännerleche Stär, deem seng Hellegkeet mat enger Period vu ronn 2 Deeg ëm 0,2 Gréissteklassen schwankt.
Den RX Leporis läit 500 Liichtjoer vun eis ewech an ännert seng Hellegkeet ouni eng erkennbar Period.
Den R Leporis läit op enger Distanz vun 3000 Liichtjoer. Et ass en extrem liichtkräftege Stär vum Typ Mira, deen seng Hellegkeet während engem Zäitraum vu ronn 430 Deeg staark verännert. Hie gehéiert zu der Spektralklass C6 II an ass ee vun deenen roudelzechten Objete um Nuetshimmel. Heiansdo gëtt hien och „Karmesinstär“ oder „Hinds Purpurstär“ genannt (no dem briteschen Astronom John Russell Hind, dee seng Verännerlechkeet beschriwwen huet).
[Änneren] Messier- an NGC-Objete
Messier (M) | NGC | aner | Gréisst | Typ | Numm |
---|---|---|---|---|---|
79 | 1904 | 8m | Kugelstärekoup |
Am Stärebild Lepus ass och de Kugelstärekoup M79, dee ronn 40.000 Liichtjoer vun eisem Sonnesystem ewech läit.