Krypta
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Eng Krypta (gr.: déi wou verstoppt ass) ass eng Griewerplaz, déi ënnert dem Chouer (Apsis) vu ville chrëschtleche Kierchen ze fannen ass.
Déi éischt Kryptae goufen ënnert dem Buedem ugeluecht fir d'Griewer vun de Märtyrer ze verstoppen. Méi spéit goufen si zur Begriefnesplaz vun Hellegen an Herrscher (z. B. déi vun der Kathedral an der Stad). Dacks goufe Kierchen oder Kapellen och méi spéit iwwert d'Griewer gebaut. Hautesdaags ass d'Krypta meeschtens deen eelsten Deel vun enger Kierch. Besonnesch an der Zäit vun der Romanik ware Kryptae wäit verbreet.
Verschidde méi nei Kierchen hunn och eng Krypta an deer keng Griewer sinn, dës dengt als Kapell z.B. fir d'Wietesmass.
[Änneren] Kryptaen zu Lëtzebuerg
- déi vun der Kathedral an der Stad Lëtzebuerg, mat de Griewer vu verstuerwene Membere vun der groussherzoglecher Famill an de lëtzebuerger Bëscheef
- déi vun der Iechternacher Basilika, mam Graf vum Hellege Willibrord