Konstitutionell Monarchie
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Eng konstitutionell Monarchie ass eng Regierungsform, déi e Monarch, gewielt oder duerch Ierfschaft als Staatschef unerkennt, mee wou d'Muecht vum Monarch duerch eng Konstitutioun limitéiert ass.
Déi modern konstitutionell Monarchien si meeschtens parlamentaresch Monarchien mat engem System vun der Gewaltentrennung, wou de Monarch de symbolesche Chef vun der Exekutiv ass. An der Praxis iwwerhëllt dës Roll e Premier Minister, dee vum Parlament ënnerstëtzt gëtt.
De Monarch, den onofhängeg vu politesche Parteien ass, huet virun allem eng symbolesch Roll, als Garant vun der Konstitutioun an der Demokratie, dem nationalen Zesummenhalt, der Integritéit vum Territoire, mee och als Symbol vun der historescher Kontituitéit vum Staat, Representant a Garant vu sengen Interessen am Ausland. De Monarch kann och e Recht op Rotschléi a Warnungen zu der Politik vum Gouvernement hunn, an en Arbitter am Fall vun enger politescher Kris sinn. Aus dësem Grond spillt de Monarch eng neutral Roll, a kënnt och als Mediateur zum Asaz 1. De parlamentaresche Monarch regéiert, mee gouvernéiert net, oder fir ët mam Adolphe Thiers senge Wierder ze soen:
- Le roi n'administre pas, ne gouverne pas, il règne.
De Monarch duerch Ierfschaft kann e Kinnek oder eng Kinnigin sinn, wéi ët an de meeschten europäesche Monarchien de Fall ass, mee och e Groussherzog, wéi zu Lëtzebuerg, oder e Prënz, wéi zu Monaco oder Liechtenstein, oder och e Keeser, wéi a Japan.
D'Konzept vun enger konstitutioneller Monarchie kënnt aus den absolute Monarchien vum Enn vum Mëttelalter, wou d'Autoritéit vum Gouvernement duerch de Monarch a säi Gouvernement ausgeübt ginn ass. Duerch den Developpement vun der Bedeelegung vun der Bevëlkerung an den Demokratien ass d'Muecht bei Versammlungen a Parlamenter iwwergaangen, fir méi demokratesch Systemer an d'Liewen ze ruffen.
An enger konstitutioneller Monarchie geet de Poste vum Staatschef an der kinneklecher Famill weider. De Staatschef ass an der Theorie responsabel fir d'Exekutive, wat och Ausdréck a Formele wéi « Le gouvernement de Sa Majesté » erkläert.
Verschidde Konstitutioune schléissen allerdéngs eng Partizipatioun um Gouvernement aus. Dëst ass de Fall a Schweden an a Japan.
[Änneren] Konstitutionell Monarchien an der Welt
Staat | Zënter der Konstitutioun vun |
Typ | Wahl vum Monarch |
---|---|---|---|
Andorra | 1993 | Coprincipautéit | Bëschof vu La Seu d'Urgell a President vun der franséischer Republik |
Antigua a Barbuda | 1981 | Kinnekräich | Ierflech |
Australien | 1901 | Kinnekräich | Ierflech |
Bahamas | 1973 | Kinnekräich | Ierflech |
Bahrain | 2002 | Kinnekräich | Ierflech |
Barbados | 1966 | Kinnekräich | Ierflech |
Belsch | 1831 | Kinnekräich | Ierflech |
Belize | 1981 | Kinnekräich | Ierflech |
Kambodscha | 1993 | Wahlmonarchie | Gewielt vun de neng Membere vum Trounconseil |
Kanada | 1867 | Kinnekräich | Ierflech |
Dänemark | 1849 | Kinnekräich | Ierflech |
Vereenegt Arabesch Emirater | 1971 | Wahlmonarchie | Gewielt vun de siwen Emiren |
Spuenien | 1978 | Kinnekräich | Ierflech |
Grenada | 1974 | Kinnekräich | Ierflech |
Salomonen | 1978 | Kinnekräich | Ierflech |
Jamaika | 1962 | Kinnekräich | Ierflech |
Japan | 1946 | Keeserräich | Ierflech |
Jordanien | 1952 | Kinnekräich | Ierflech |
Kuwait | 1962 | Emirat | Ierflech, mat der Zoustëmmung vun der Famill Al-Sabah an der Majofitéit vun der Nationalversammlung |
Lesotho | 1993 | Kinnekräich | Ierflech mat der Zoustëmmung vum Cheffekollegium |
Liechtenstein | 1862 | Principautéit | Ierflech |
Lëtzebuerg | 1868 | Groussherzogtum | Ierflech |
Malaysia | 1957 | Wahlmonarchie | Gewielt vun den neng Sultane vun de malaiesche Staaten |
Monaco | 1911 | Principautéit | Ierflech |
Marokko | 1962 | Kinnekräich | Ierflech |
Nepal | 1991 | Kinnekräich | Ierflech |
Neiséiland | 1840 | Kinnekräich | Ierflech |
Norwegen | 1814 | Kinnekräich | Ierflech |
Papua-Neuguinea | 1975 | Kinnekräich | Ierflech |
Holland | 1815 | Kinnekräich | Ierflech |
Groussbritannien | 1688 | Kinnekräich | Ierflech |
St. Kitts a Nevis | 1983 | Kinnekräich | Ierflech |
St. Lucia | 1979 | Kinnekräich | Ierflech |
St. Vincent an d'Grenadinen | 1979 | Kinnekräich | Ierflech |
Schweden | 1719 | Kinnekräich | Ierflech |
Thailand | 1997 | Kinnekräich | Ierflech |
Tonga | 1970 | Kinnekräich | Ierflech |
Tuvalu | 1978 | Kinnekräich | Ierflech |
[Änneren] Eeler konstitutionell Monarchien
Verschidde Länner haten och de Versuch vun enger konstitutioneller Monarchie gewot, allerdéngs si si spéider nees zum republikanesche System zeréckkomm :
- Frankräich: 1830 - 1848 mat der Julimonarchie;
- Däitschland: 1871 - 1919 mam Däitsche Keeserräich.
[Änneren] Notizen a Referenzen
1: Benjamin Constant