Australien
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Australien, offiziell Commonwealth of Australia, ass en Inselstaat tëscht dem Indeschen Ozean an dem Südpazifik, am Südoste vun Asien. Zesumme mat der Nopesch-Insel Tasmanien bilde si den Commonwealth of Australia, en autonomen Deel vun dem Commonwealth of Nations.
|
|||||
National Devise: keng | |||||
Offiziell Sprooch | Englesch | ||||
Haaptstad | Canberra | ||||
Gréisste Stad | Sydney | ||||
Monarch | Elizabeth II. | ||||
Gouverneur | Michael Jeffery | ||||
Premier Minister | John Howard | ||||
Awunner
- Total (Stand: 2005) |
53. an der Weltranglëscht
20,3 Mio |
||||
Fläch
- Total |
7.692.030 km²
Op 6. Plaz |
||||
Onofhängegkeet - Constitution Act - Statut vu Westminster - Australia Act |
Vu Groussbritannien: |
||||
Währung | Australeschen Dollar | ||||
Zäitzone | UTC +8 bis +11 | ||||
Nationalhymn | Advance Australia Fair Lauschtert | ||||
Internet | .au | ||||
International Virwahl | 61 |
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Geschicht
Kuckt heizou den Haaptartikel Geschicht vun Australien.
Aus dem haitegen Indonesien) koumen d'Aboriginies ongeféier 70.000 - 50.000 v. Chr. op den australesche Kontinent an hunn en als éischt besidelt. Zu deeër Zäit muss hir Bevëlkerung aus ëm déi 300.000 Leit bestanen hunn. Si hunn d'ganzt Land bevëlkert a verschidde Sproochen a Kulturen entwéckelt.
Am 16. a 17. Joerhonnert hun d'Spuenier, déi demols déi gréisste Kolonialmuecht op der Welt waren, eng grouss Expeditioun aus dem Peru an den Süd-Pazifik geschéckt, mat der Hoffnung do op Gold ze falen. Wéi sech de Wonsch net erfëllt huet, hu se den Projet opginn, an hu sech vun deem Moment un och guer net méi mat dem Süd-Pazifik befaasst.
Em 1770 huet dunn de Kapitän James Cook d'Ostküst vun Australien erfuerscht an se fir déi britesch Kroun a Besëtz geholl.
[Änneren] Geographie
Kuckt heizou och den Haaptartikel Geographie vun Australien.
|
De Kontinent huet als Grenz am Norden d'Mier vun Timor, d'Mier vun Arafura an den Détroit vun Torres, am Osten dat grousst Koralle Mier an d'Mier vun Tasman, am Süden den Détroit vu Bass an den Indeschen Ozean, an am Westen den Indeschen Ozean.
Australien breet sech iwwer ongeféier 4000 km vum Kap Byrne vun Oste no Westen an iwwer 3700 km vum Kap York am Norden bis Tasmanien am Süden aus.
D'Fläch vun Australien huet 7.692.030 km2, an domadder ass Australien déi gréissten Insel vun der Welt.
Zum Inselkontinent mat enger duerchschnëttlecher Héicht vun 300 m iwwert dem Mieresspigel gehéieren als wichtegst Aussegebidder Norfolk Island an Australian Arctic Territory. D'Längt vun der Küst huet 36.735 km. Iwwer méi wéi 2000 km erstreckt sech de Great Barrier Reef vum südleche Queensland bis zum Golf vu Papua. Et ass eent vun de bedeitendste Mieresökosystemer a geschützte Liewensraum fir 1500 Fësch-, 4000 Weechdéier- an 400 Korallenaarten. Aus dem Great Western Plateau, dat Deeler vu Queensland, Westaustralien a vum Northern Territory ëmfaasst, erhieft sech den Uluru (Ayers Rock), een 348 m héiche Monolith vun 8 km Ëmfank. Den héchste Bierg, den 2228 m héichen Mount Kosciusko, läit laanscht d'Ostküst am Great Dividing Range.
[Änneren] Flora a Fauna
Kuckt heizou och den Haaptartikel Flora a Fauna vun Australien.
Duerch déi isoléiert Lag vum Kontinent si méi wéi 80 % vun den australesche Planzenaarten endemesch. Landschaftsprägend si méi wéi 600 verschidden Zorte vun Eukalyptusbeem (95 % vun de Beembestänn). Et handelt sech em Akazien- an Eukalyptusaarten, déi hei zu Honnerte virkommen. Op Gronn vun der äerdgeschichtlecher Entwécklung liewen an Australien Beidelmamendéieren wéi Koalabieren, Känguruen a Urmamendéieren (Protheria) déi Eeër leeën, wéi zum Beispill d' Schnieweldéieren, (Ornithorhynchidae) an de Seechomessekéisécker (Tachyglossidae). Australien ass ausserdem e Paradäis fir Insekten a Reptiller. Déi meescht sinn harmlos, mä verschidde Spannen a Schlaange sinn héich gëfteg a liewensgeféierlech. Schof, Päerd a Ranner ginn importéiert. 80 % vun de Mamendéieren, 47 % vun de Vullen, 89 % vun den Reptiller an 90 % vun de Spannendéieren an Insekten sinn eenzegaarteg.
[Änneren] Politik
Kuckt heizou och den Haaptartikel Politik vun Australien.
Australien huet e bicameralt Parlament, dat aus engem Senat mat 76 Senatoren, déi nom Verhältneswahlrecht fir 6 Joer bleiwen, an engem Repräsentantenhaus mat 148 Membere besteet, dat all 3 Joer mëttels Präferenzwahlen nei gewielt gëtt.
[Änneren] Opdeelung vun den administrative Gebidder a Stied
De Commonwealth of Australia besteht aus 6 Staaten: New South Wales, Queensland, Westaustralien, Südaustralien, Tasmanien, Victoria an zwee Territoiren, Australian Capital Territory an Northern Territory.
Australien huet och en puer extern Territoiren, opzezielen wieren do den Antarkteschen australeschen Territoire, d'Chrëschtdagsinsel, d'Kokosinselen, d'Inselen Heart a MacDonald, wei och d'Norfolk Inselen, den Territoire vun den Ashmore a Cartier Inselen, an all d'Territoiren ëm d'Korallemier.
D'Haaptstad vun Australien ass Canberra.
|
|
[Änneren] Economie
Kuckt heizou den Haaptartikel Economie vun Australien.
Déi bedeitendsten Exporter kommen aus der Landwiertschaft an aus dem Biergbau, z.B. Kuelen, Eisenerz a Gold. D'Land ass ee vun de gréisste Randfleeschexporteuren. Gutt ee véirel vun der gesamter Wollproduktioun vun der Welt kënnt aus Australien. 5% vun der Bevëlkerung schafft an der Landwirtschaft, 25 % an der Industrie an 70 % am Dengschtleeschtungssecteur. De Bruttoinlandprodukt leit bei 30.623 US$ pro Awunner (Stand: 2005)
[Änneren] Demographie
95 % vun den Australier kommen aus Europa, 1,3 % sinn Asiaten, 2,2 % sinn indigène. Déi meescht Immigranten kommen aus Neiséiland, Groussbritannien a China. Et ginn all Joers duerchnëttlech 91.000 Awanderer. De Gebuertentot leit bei 1,8 Kanner pro Fra.
[Änneren] Sproochen a Relioun
D'Haaptsprooch ass Englesch, obschonns d'Australier och hiren eegenen "Aussie-Slang" benotzen. Doniewent ginn nach weider 200 Sprooche geschwat.
74 % vun den Australier gehéieren der chrëschtlecher Reliounsgemeinschaft un.
[Änneren] Educatioun
De Schoulsystem vun Australien ass an d'Primärschoul an an d'Sekundärsschoul agedeelt. Schoulpflicht besteet vum 6. bis zum 15. Liewensjoer. Ween ob d'Universitéit wëll goe muss 10 - 12 Joer an d'Schoul virdru gaange sinn. Déi eelsten Universitéit, vun deenen 19, ass déi am Joer 1890 gegrënnten Universitéit vu Sydney.
[Änneren] Um Spaweck
Antigua a Barbuda - Australien - Bahamas - Bangladesch - Barbados - Belize - Botswana - Brunei - Kamerun - Kanada - Zypern - Dominica - Fidschi - Gambia - Ghana - Grenada - Guyana - Indien - Jamaika - Kenya - Kiribati - Lesotho - Malawi - Malaysia - Malediven - Malta - Mauritius - Mosambik - Namibia - Nauru - Neiséiland - Nigeria - Pakistan - Papua-Neiguinea - Saint Kitts an Nevis - Santa Lucia - Saint Vincent an d'Grenadinen - Sambia - Samoa - Seychellen - Sierra Leone - Singapur - Salomon Inselen - Südafrika - Sri Lanka - Swasiland - Tansania - Tonga - Trinidad an Tobago - Tuvalu - Uganda - Vereenegt Kinnekräich - Vanuatu