Gronengesch
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Gronengesch (op Gronengesch: Grönnegs) ass den Numm vun enger Grupp Friso-sächseschen Dialekten, déi an a ronderëm d' Provënz Groningen geschwat ginn. Am Norden an am Oste vun der Provënz Drenthe an am Oste vun der Provënz Friesland , am sougenannte Kollumerland gëtt och Gronengesch geschwat. Gronengesch an Ostfrisesch, op der anerer Säit vun der gronengesch-däitscher Grenz, kënnen als een eenzegen Dialekt gesi ginn.
Gronengesch ass entstane wéi d'Stad Groningen am 15. Joerhonnert méi Afloss krut an de Länner, déi ronderëm louchen. Déi Landdeeler, d' Ommelanden, ware Frisesch an d'Stad Groningen war Niddersächsesch. Wéi sech d'Stad Groningen am Joer 1594 mat den Ommelanden vereenegt huet, gouf dat Frisescht vun den Ommelanden agetosch fir eng niddersächsesch Variant vun der Stad Groningen. Deeselwechte Prozess ass 200 Joer méi spéit an Ostfriesland geschitt. Déi frisesch Sprooch hat awer e puer Deeler vokabulaire a grammatesch Eegeschaften am Gronengesch an am Ostfrisesche behalen.
[Änneren] Dialekten
Et gëtt aacht Dialekten am Gronengeschen:
- Stadtsgronengesch
- Veenkoloniaals
- Oldambtsters
- Westerwolds
- Hoogelandsters
- Noordenvelds
- Westerkwartiers
- Kollumerpompsters