Gran Sasso
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Gran Sasso, ital.:Grousse Fiels, ass e Biergmassiv an den Abruzzen an Italien.
Dës héchste Biergketten op der Appeninhallefinsel ass deen ëstlechsten an héchsten Deel vun den Abruzzen. Déi héchste Spëtz vum Gran Sasso ass de Corno Grande, mat 2.912 Meter. Op senger Nordsäit ass dee südlechste Gletscher an Europa, den Ghiacciaio del Calderone (Calderone-Gletscher).
E Groussdeel vum Gran Sasso gehéiert zum Gran Sasso Nationalpark a lackelt vill Wantersportler a Biergspadséiergänger un.
Ënner dem Biergmassiv geet en Autobunntunnel duerch, vun deem een an dee gréissten ënnerierdesche Laboratoir op der Welt fir Deelercher-Physik a Nuklear Astro-Physik komme kann.
[Änneren] Geschichtleches
Am Zweete Weltkrich gouf um Gran Sasso de gestierzte faschisteschen Diktator Benito Mussolini gefaangegehal, ier en den 12. September 1943 vun engem däitsche Fallschirmjeeër-Kommando befreit gouf, a mat engem Fieseler Storch a Sécherheet bruecht gouf.