Friedrich Georg Wilhelm Struve
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Friedrich Georg Wilhelm Struve, och Friedrich Georg Wilhelm von Struve, ass gebuer de 15. Abrëll 1793 am holsteineschen Altona (Elbe) a gestuerwen den 23. November 1864 zu Pulkowo bei Petersburg. Hie war en däitschen Astronom, den am Baltikum an a Russland geschafft huet. Hie publizéiert ënner anerem bedeitend Aarbechten iwwer Duebelstären a féiert ëmfangräich geodätesch Vermiessungen duerch.
Hie war de Papp vum Otto Wilhelm von Struve.
[Änneren] Liewen a Wierk
De Friedrich Georg Wilhelm gouf als Jong vum Jakob Struve (1755 bis 1841) zu Altona gebuer. Säi Brudder war den Ludwig August Struve.
Am Joer 1808, am Alter vu 15 Joer, huet hien e Studium an der Universitéit Dorpat (haut Tartu an Estland) ugeholl, dat zu déier Zäit zum zaristeschen Russland gehéiert huet. Hie studéiert am Ufank Philologie, wiesselt awer no e puer Semester zur Mathematik an zur Astronomie. Säi Studium schléisst de Struve 1813 mat enger Promotioun of. Am gläiche Joer gëtt hie zum Professer vun der Astronomie' ernannt an an den Observatoire Dorpat beruff, déi kuerz virdrun opgeriicht gouf.
Am Joer 1815 bestit hien zu Altona d’Emilie Wall (1796 bis 1834). Déi zwee haten 12 Kanner, vun deenen allerdéngs véier fréi gestuerwe sinn.
Am Joer 1820 gouf de Struve zum Direkter vum Observatoire vun Dorpat ernannt. Vun 1814 bis 1821 léiert hien och Mathematik. 1824 gëtt zu Dorpat e leeschtungsstaarken Refraktor vu Fraunhofer mat 24,4 cm Ëffnung a Betrib geholl. An der Folgezäit féiert de Struve intensiv Observatiounen vun Duebelstären duerch, woubäi hien eng grouss Unzuel entdeckt. Vun 1824 bis 1837 mécht hie mikrometresch Miessungen un 2714 Duebelstäre. Am Joer 1827 publizéiert hien e Katalog mat Duebelstäre, de Catalogus novus stellarum duplicium, 10 Joer méi spéit, 1837 kënnt säi Wierk Stellarum duplicium et multiplicium mensurae micrometricae eraus.
Als 1828 säi Brudder Ludwig August stierft, hëlt hien de spéideren Philolog Theodor Struve, zou sech no Dorpat. Am Joer 1829 gëtt de Struve zum „Kollegienrat“ an zwee Joer méi spéit zum „Staatsrot“ ernannt. Mat dëser Befërderung war och eng Erhiewung an den Adelsstand verbonnen.
Niewen der Astronomie beschäftegt sech de Struve mat der Geodäsie. Vun 1816 bis 1819 hat hien un enger Triangulatioun vu Livland deelgeholl. Am Joer 1831 verëffentlecht hien eng Beschreiwung vu Breiedengradmiessungen an den Ostséiprovinzen vu Russland.
Am Joer 1834 verstierwt seng Fra. Am gläiche Joer bestit hien d’Johanna Henriette Francisca Bartels (1807 bis 1867), mat hir hat heen weider sechs Kanner.
Am Joer 1832 huet d’Russesch Akademie vun de Wëssenschaften zu St. Petersburg de Struve zum Member beruff. Wou 1839 dee neien Observatoire vu Pulkowo ageweit gouf, hunn se de Struve zu hirem éischten Direkter ernannt. Hei huet hie seng Aarbechten un den Duebelstäre weidergefouert, woubäi säi Jong Otto Wilhelm hien ënnerstëtzt huet. 1843 bestëmmt hien d’Äerdatmosphär, d’Aberratioun vum Liicht souwéi d’Parallax vum hellste Stär Vega am Stärebild Lyra.
De Struve huet 1845 d’Russesch Geographesch Gesellschaft matgegrënnt. Hien initiéiert eng ëmfangräich Triangulatioun, woubäi hien eng Ketten vun geodäteschen Vermiessungspunkten tëschent Hammerfest a Norwegen an dem Schwaarze Mier opriichte gelooss huet, de Struve-Bou.
1847 verëffentlecht hien seng Aarbecht iwwer den Opbau vun der Mëllechstrooss an den "Études d'astronomie stellaire".
1856 avancéiert de Struve zum Geheimrat.
Am Joer 1862 trëtt aus gesondheetleche Grënn an d’Pensioun. Säi Jong Otto Wilhelm Struve iwwerhëllt den Observatoire vu Pulkowa.
De Friedrich Georg Wilhelm Struve stierwt den 23. November 1864 (no dem russeschen Julianeschen Kalenner den 11. November) zu Pulkowa.
Fir säi Wierk goufen him eng Onmass Éierungen zu Deel, ënner aneen huet hien 1826 d’Goldmedail vun der Royal Astronomical Society kritt.
Zu Gedenken un d’Astronomen vun der Familie Struve goufen en Impaktkrater op dem Äerdmound an den Asteroid (768) Struveana benannt.
[Änneren] Nokommen
Aus sengem 1. Bestiednes sinn d’Astronomen Otto Wilhelm von Struve, de Chemiker Heinrich Wilhelm von Struve (1822 bis 1908), an de spéidere Gouverneur vun Astrachan an Perm, Bernhard Wilhelm von Struve (1827 bis 1889), ervirgaangen.
Aus sengem 2. Bestiednes staamt de Karl Wilhelm (Kirill Wassiliwitsch) Struve (1835 bis 1907), spéidederen russeschen Botschafter a Japan, den USA an Holland.
Zum Friedrich Georg Wilhelms sengen Enkelen gehéieren och d’Astronom Hermann von Struve an den Ludwig von Struve.
Säin Urenkel war den Astronom Otto von Struve.
[Änneren] Wierker (en Deel)
- Observationes Dorpatenses (Dorpat, 1817-39, 8 Bände)
- Catalogus novus stellarum duplicium (Dorpat, 1827)
- Stellarum duplicium mensurae micrometricae (St. Petersburg, 1831)
- Stellarum fixarum, imprimis compositarum positiones mediae (St. Petersburg, 1852)