Euromënzen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Vum Euro, der gemeinsamer Währung vu 15 Memberstaate vun der Europäescher Unioun, ginn et Mënzen an 8 verschiddene Wäerter. Dës goufen den 1. Januar 2002 (zesumme mat 7 verschiddenen Eurobilljeeën) agefouert.
1 Euro ass an 100 Cent ënneragedeelt.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Beschreiwung
Nennwert | Duerchmiesser | Déckt | Mass | Alliage | Bord |
---|---|---|---|---|---|
1 Cent | 16,25 mm | 1,67 mm | 2,30 g | Stol mat Koffer-Iwwerzuch | glat |
2 Cent | 18,75 mm | 3,06 g | glat mat enger Rill an der Mëtt | ||
5 Cent | 21,25 mm | 3,92 g | glat | ||
10 Cent | 19,75 mm | 1,93 mm | 4,10 g | Kofferalliage (Nordescht Gold) | Wellestruktur (geradderegte Bord) |
20 Cent | 22,25 mm | 2,14 mm | 5,74 g | glat mat 7 Kaulen (Spuenesch Blumm) |
|
50 Cent | 24,25 mm | 2,38 mm | 7,80 g | Wellestruktur (geradderegte Bord) | |
1 Euro | 23,25 mm | 2,33 mm | 7,50 g | bannendran: Koffer-Néckel-Alliage ronderëm: Néckelbronze |
6 Segmenter, déi noëneen glat a mat renge Rille sinn |
2 Euro | 25,75 mm | 2,20 mm | 8,50 g | bannendrann: Néckelbronze baussen: Koffer-Néckel-Alliage |
reng Rille mat Schrëft (verschidden no Land, dacks eng "2") |
[Änneren] Viischt Säit
D'viischt Säit (Avers) ass op de Mënze vun alle Länner déi nämlecht; et ginn 3 Designen, je no 'Faarf', déi all vum Belsch Luc Luycx entworf goufen.
Op de Mënze vun 1, 2 a 5 Cent ass Europa a Relatioun zu der Welt duergestallt:
Bei de Mënze vun 10 Cent a méi gëtt et e liichten Ënnerscheed am Ausgesinn, je nodeem, op se virun oder no 2006 geprägt goufen.
[Änneren] Mënzen, déi tëscht 1999 an 2006 erauskoumen
Op deene vun 10, 20 a 50 Cent gëtt gewisen, wéi déi (bis Mee 2004) 15 EU-Memberstaaten zesummefannen. D'1- an d'2-Euro-Mënz hunn d'EU (zu 15) als Sujet.
[Änneren] Mënzen, déi vun 2007 un eauskommen
Well 2004 10 Memberlänner bäikoumen (vun deenen eent, Slowenien, 2007 den Euro agefouert huet), an 2007 nach eng Kéier 2, an dës Länner awer net op de Mënzen ze gesi waren, gouf 2005 decidéiert, amplaz vun der EU zu 15 de Kontinent Europa ze weisen. Deemno gesinn d'Euromënze vun 2007 un esou aus:
Déi Mënze mam alen Design behalen awer hir Gëltegkeet a bleiwe weider am Ëmlaf.
[Änneren] Récksäit
Jiddfer Land vun der Euro-Zon hat d'Méiglechkeet, selwer ze bestëmmen, wéi d'Récksäit (oder de Revers) vun de Mënze sollt ausgesinn. Eenzeg Virgaf: Déi 12 Stäre vum europäesche Fändel mussen drop ze gesi sinn. Sou ginn et Länner wéi d'Belsch, déi op allen 8 Mënzen datselwecht Bild hunn, anerer, wéi Däitschland, déi je no 'Faarf', en aneren Design hunn, oder och, wéi Italien, wou et 8 verschidden Ofbildunge ginn.
Et gëtt eegen Artikele fir d'national Récksäiten:
Euro-Zon:
Belsch - Däitschland - Éisträich - Finnland - Frankräich - Griicheland - Holland - Irland - Italien - Lëtzebuerg - Malta - Portugal - Slowenien - Spuenien - Zypern
vum 1.1.2009 un: Slowakei
Aner:
Monaco - San Marino - Vatikan
Monaco, San Marino an de Vatikanstad sinn zwar keng Memberstate vun der EU, haten awer virum Euro Accordë mat Frankräich, resp. Italien, fir eege Mënzen erauszeginn. Dofir gi si och eege Mënzsätz an Euro eraus, déi awer an esou klengen Oploë sinn, dassen se bal integral an den Albume vun de Sammler verschwannen.
[Änneren] Ännerungen um Design
D'Memberstaate mussen hir national Récksäit och op d'mannst 5 Joer bäibehalen. Als Ausnam ass de Fall virgesinn, wou en anere Monarch Staatschef géif, wéi deen, deem säi Bild op de Mënzen ass. Dëst geschouch 2006 mat de monegassesche Mënzen an deenen aus dem Vatikan, wou a béide Fäll de Staatschef 2005 gestuerwe war.
Den 3. Juni 2005 huet d'Europäesch Commissioun, an Accord mat de Memberstaaten, eng Recommandatioun erausginn, déi festleet, datt all nei national Säiten den Numm vum Land (oder eng Ofkierzung dovunner) sollen hunn, fir datt ee se besser erëmerkenne soll. Och sollt den Numm vun der Mënz net méi dropstoen, well dee schonns op der viischter Säit steet, et sief, an deem Memberstaat wier en anert Alphabet ewéi dat Laténgescht am Gebrauch.
Och den Design vun de Mënze vun 10 Cent a méi gëtt, wéi uewe beschriwwen, vun 2007 un, op der viischter Säit progressiv geännert. Mënzen am alen Design behalen hir Gëltegkeet.
[Änneren] 2-Euro-Gedenkmënzen
Vun 2003 un hunn d'Memberstaaten vun der Euro-Zon d'Méiglechkeet, ënner gewësse Conditiounen, 2-Euro-Gedenkmënzen erauszeginn, mat engem aneren Design op der nationaler Säit ewéi deem üblechen. Mat dëse Mënze kann an der ganzer Euro-Zon bezuelt ginn. Bis Enn 2006 si 24 deeër Mënzen erauskomm.
Méi doriwwer am Artikel 2-Euro-Gedenkmënzenan den Artikelen [[{{{2}}}]] an [[{{{3}}}]]an den Artikelen [[{{{4}}}]], [[{{{5}}}]] an [[{{{6}}}]]an den Artikelen [[{{{7}}}]], [[{{{8}}}]], [[{{{9}}}]] an [[{{{10}}}]].
[Änneren] Gedenkmënzen an anere Wäerter
Sou wéi fréier bei den nationale Währungen, hunn d'Memberstaate vun der Euro-Zon d'Méiglegkeet, Gedenkmënzen an anere Wäerter (z.B. 10 Euro, 2 ½ Euro) aus méi edele Metaller, wéi z.B. Gold oder Sëlwer, erauszeginn.
Dës hu kee legale Cours an deenen anere Länner vun der Euro-Zon, a ginn och kaum am Land, wou s'erauskoume, benotzt fir ze bezuelen, well hiren tatsächleche Wäert iwwer deem vun hirem Nominalwert ass.
[Änneren] 1- an 2-Cent-Stécker
Finnland hat vun Ufank un decidéiert, (ausser fir d'Sammler) keng 1- an 2-Cent-Stécker an Ëmlaf ze bréngen. An de Butteker gëtt einfach no deem nooste Betrag, dee mat 5 oder 0 ennegt, op- oder ofgeronnt.
An Holland gouf am September 2004 decidéiert, de Geschäfter datselwecht z'erlaben. D'Mënzen, déi am Ëmlaf sinn, behalen awer hire Wert, a se mussen (bis zu enger gewësser Zuel) beim Bezuelen acceptéiert ginn. Dat gëllt och a Finnland fir d'1- an 2-Cent-Stécker aus anere Memberstaaten.
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
[Änneren] Um Spaweck
Portal EU – All d'Artikelen op der Wikipedia zu der Europäescher Unioun. |