Edmond Halley
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Edmond Halley, gebuer den 8. November 1656 zu Haggerston bei London, a gestuerwen den 14. Januar 1742 zu Greenwich, war en engleschen Astronom a Mathematiker.
Den Halley, Jong vun engem Seefefabrikant, huet zu Oxford Mathematik an Astronomie studéiert. Scho mat 21 Joer huet hien eng Method verëffentlecht, mat deeër een d’Perihel an d’Aphel souwéi d’Exzentrizitéite vun de Planéite bestëmme kann. Hie reest 1677 op d’Insel St. Helena a bestëmmt do Stäre vum südlechen Himmel. Op Uweisung vun der Kinneklecher Akademie vun de Wëssenschaften gëtt hie beoptragt de wëssenschaftlëche Sträit zu Danzig tëschent dem Robert Hooke an dem Johannes Hevelius bäizeleeën.
Duerch seng Berechnungen huet hie 1677 drop higewise wéi wichteg d’Venusdurchgäng bei der Bestëmmung vun der Sonneparallaxe sinn.
An de Joere 1680 bis 1681 reest den Halley a Frankräich an an Italien, a reegt eng wëssenschaftlech Zesummenaarbecht tëschent den Observatoirë vu Greenwich a Paräis un.
Tëschent 1698 a 1700 reest de Halley zweemol an Nordamerika, vir d’Richtung vun der Magnéitnol op verschiddene Plazen op der Äerduewerfläch ze bestëmmen. Als Resultat vun dëse Reese konnt hie 1701 déi éischt grouss Kaart mat magnéitescher Deklinatioun verëffentlechen.
1703 rifft d’Universitéit Oxford den Halley op de Léierstull fir Geometrie. Do verbessert hien d'Längtebestëmmungen an der Moundtheorie. 1705 konnt hie mat dëser neier Method d’Bunnelementer vu Koméiten (d’Joere 1531, 1607 a 1682) berechnen. Duerch dës Berechnunge koum de Verdacht op, datt et sech bei dësen Observatiounen ëmmer ëm deselwechte Koméit dréit, dee géint Ufank 1759 erëmkomme soll.
Well sech d’Virausso bestätegt huet, gouf dëse Koméit zënterhier Halleysche Koméit bezeechent.
Nodeem 1719 de kinneklechen Astronom John Flamsteed gestuerwe war, gouf nach am selwechte Joer den Halley zu sengem Nofolger zu Greenwich genannt. Als Astronom zu Greenwich huet hien d’Stäreverzeechnes vum Ptolemäus verbessert, an an der Geographiae veteris scriptores graeci minores verëffentlecht.
Am Alter vu 86 Joer ass den Edmond Halley de 14. Januar 1742 zu Greenwich gestuerwen.
Nieft senge Berechnunge vu Koméitebunnen (z.B. Halleysche Koméit) huet den Halley och den Äerdmagnetismus an de Monsun erfuerscht. Hien huet och d’Eegebewegung vu Stären entdeckt. Hien huet d’Taucherklack verbessert, an en huet sech mat der Erfindung vum Spigeloktant verdéngt gemaach. De Spigeloktant ass en Instrument fir astronomesch Observatiounen (fir d’Navigatioun) um Mier ze maachen.
Zu Liewzäiten ass hien als "ongleewege Mathematiker" bezeechent ginn.
[Änneren] Wierker
- Catalogus stellarum australium. - London : s.n., 1679
- Methodus directa geometrica investigandi excentricitates planetarum (1677)
- Tabulae astronomicae. - London : s.n., 1749
[Änneren] Literatur
- Cook, Alan: Edmond Halley : charting the heaven's and the seas. - Oxford : Clarendon, 1998. - ISBN 0-19-850031-9
- Roman, Colin A.: Edmond Halley : genius in eclipse. - London : Macdonald, 1970
[Änneren] Um Spaweck
Commons: Edmond Halley – Biller, Videoen oder Audiodateien |