Aphel
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Als Aphel oder Apsis (griichesch „Knupp oder Bou“, Plural Apsiden) bezeechent een déi zwee Haaptscheetele op der (bal) elliptescher Ëmlafbunn vun engem Himmelskierper. Den Apoapsis ass dobäi de Punkt mat der gréisster Distanz zum Haaptkierper an de Perihel oder Periapsis dee mat der mannster Distanz. Well d’Ellips genee zwee Haaptscheetele huet, gëtt de Begrëff meeschtens am Plural gebraucht.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Vu wou kommen d’Begrëffer an d’Wierder hir ?
Apsis ass dat griichescht Wuert fir „Knupp, Bou“ a leet sech vum Begrëff Apsis an der Architektur of, apo- an peri- sinn déi griichesch Virsilben fir „wäit“ an „no“.
Fir d’Haaptkierper Sonn, Äerd, Äerdmound a Stäre hunn d’Apsiden eegen Nimm, déi aus den entspriechenden griicheschen ofgeleet sinn:
- -hel zu helios „Sonn“
- -gäum zu ge oder gaia „Äerd“
- -selen zu selene „Äerdmound“
- -astron „Stär“
- -galaktikum zu galaxis „Mëllechstrooss“
- doniewent fënnt sech och -jovum zu lat. iupiter
Den Perizentrum an den Apozentrum (lat. centrum „Achspunkt“) bezeechnen dobäi speziell Punkten an engem Méikierper-System a bezinn sech op d’Baryzentrum.
- Ass an engem allgemeng himmelsmechaneschen Zesummenhang vun den Apsiden enger Bunn d’Ried, ouni datt e bestëmmten Zentralkierper spezifizéiert soll ginn, da kënnen si och als Perizentrum an Apozentrum, awer och als Perifokus an Apofokus (lat. focus „Brennpunkt“) bezeechent ginn.
Den Ofstand tëschent System-Schwéierpunkt an Apside ass d’Apsisdistanz (Apsidendistanz), oder Apsisofstand, also Periheldistanz (Perihelofstand, oft och kuerz nëmmen „Perihel“), Apheldistanz (Aphelofstand, „Aphel“), Perizentrumsdistanz u. s. w.
- Ze beuechten ass, datt „Periapsisdistanz“ („Periapsisofstand“) munchmol och als Bunnelement de Wénkel Argument vun der Periapsis bezeechent.
D’Verbindungslinn vun de béiden Apsiden ass d’Apsidelinn.
[Änneren] Exzentrizitéit an Apsisdistanz
Den Zesummenhang tëschent (numerescher) Exzentrizitéit an den Apsisdistanzen ass
[Änneren] Sonn: Perihel an Aphel
De Perihel ass de sonnenächste, drn Aphel dee sonnewäitste Punkt vun enger Planéitenbunn. D’Äerd huet hire Perihel-Duerchgang ëm den 3. Januar (2.–4. Jan.) bei 147,099 Mio. km an hiren Aphel-Duerchgang ëm den 5. Juli (3.–6. Juli) bei 152,096 Mio. km.
Distanz vun de Planéiten an Zwergplanéiten vun der Sonn an Astronomesch Eenheeten a Kilometer:
Himmelskierper | Perihel | Aphel | ||
Merkur | 0,306 AE | 45,9 Mio. km | 0,4667 AE | 69,7 Mio. km |
Venus | 0,718 AE | 107,4 Mio. km | 0,728 AE | 109 Mio. km |
Äerd | 0,9833 AE | 147,1 Mio. km | 1,0167 AE | 152,1 Mio. km |
Mars | 1,381 AE | 206,7 Mio. km | 1,666 AE | 249,1 Mio. km |
Ceres | 2,544 AE | 380,5 Mio. km | 2,987 AE | 446,8 Mio. km |
Jupiter | 4,951 AE | 740,9 Mio. km | 5,454 AE | 815,7 Mio. km |
Saturn | 9,008 AE | 1.347 Mio. km | 10,069 AE | 1.507 Mio. km |
Uranus | 18,275 AE | 2.735 Mio. km | 20,088 AE | 3.004 Mio. km |
Neptun | 29,800 AE | 4.456 Mio. km | 30,316 AE | 4.537 Mio. km |
Pluto | 29,58 AE | 4.425 Mio. km | 49,19 AE | 7.375 Mio. km |
Eris | 37,845 AE | 5.662 Mio. km | 97,545 AE | 14.593 Mio. km |
Planéiten sinn wäiss, Zwergplanéiten sinn gro hannerluecht.