Eadweard Muybridge
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Eadweard Muybridge, gebuer den 9. Abrëll 1830, gestuerwen den 8. Mee 1904 war en englesch- US-amerikanesche Fotograf, dee virun allem fir den Asaz vu multipele Kamerae bekannt gouf, mat deenen e Bewegunge festgehalen huet, a säin Zoopraxiscope, en Apparat, fir beweegte Biller ze projezéieren, nach ier den Zelluloid-Film erfonnt gi war, deen nach haut an den Asaz kënnt.
[Änneren] Liewen a Carrière
De Muybridge gouf als Edward James Muggeridge zu Kingston-upon-Thames an England gebuer. Muggeridge gouf zu Muygridge an dann zu Muybridge, nodeems en an de fréien 1850er Joren an d'USA emigréiert war.
Hien huet 1855 zu San Francisco ugefaangen, als Verlagsagent a Libraire ze schaffen. Hien huet sech ëmmer méi fir Fotografie intresséiert, an huet 1866 e Fotosatelier opgemaach. 1867 gouf e mat senge Fotoe vum Yosemite-Nationalpark a vu San Francisco bekannt. Publizéiert goufen se am Ufank ënnert dem Pseudonym "Helios". 1868 krut de Muybridge den Optrag, der U.S. Arméi hir Expeditiounen an Alaska fotografesch ze dokumentéieren.
1871 no enger Opdragsarbecht fir d'California Geological Survey ass en e puer Joer doruechter gezunn, Fotoen ze maachen. 1873 huet en nees fir d'Arméi fotograféiert, wéi déi géint Indianer Krich gefouert hunn.
1872 gouf et eng "Kontrovers" iwwert d'Fro, ob d'Päerd beim Galopp fir e kuerzen Ablack déi véier Been mateneen a der Luucht hätt.De Leland Stanford, e Geschäftsmann a Besëtzer vu Rennpäerd, huet de Muybridge agestallt, fir d'Fro ee fir allemol ze léisen.
De Muybridge huet dofir e Verfaren entwéckelt, fir Fotoe vu Bewegungen duerch en elektreschen Ausléiser zu maachen. 1877 koum et dann zum Beweis: eng eenzel Foto, op deeër een d'Course-Päerd Occident beim Galopp, déi véier Houf an der Luucht, ze gesinn ass.
1878 huet de Muybridge säi Procédé weiderentwéckelt, an zwar huet en e Päerd mat 50 Kameraen opgeholl, déi niewenteneen, parallel zum Päerd sengem Tracé, opgestallt waren, an déi eng no deeër anerer duerch en dënnen Drot vum Päerd ausgeléist goufen.
1874 huet de Muybridge senger Fra hiren Amant, e gewësse Majouer Harry Larkyns erschoss. Am Prozess dono gouf e fräigesprach, well et e "justifiéerten Doudschlag" gewiescht wier.
Nodeems en e puer Joer a Mëttelamerika verbruecht hat, huet de Muybridge seng Experimenter mat Beweegungen nees opgeholl. Hien huet mat de Chemikalie fir z'Entwéckelen experimentéiert, an huet den Zoopraxiscope erfonnt, eng Machinn, déi, wéi den Zoetrope fonctionnéiert huet, mee déi d'Biller projezéiert huet, sou dass d'Publikum realistesch Beweegunge konnt gesinn.
Hien huet dës Technik bei ville Mënschen an Déieren agesat, fir hir Beweegungsofleef festzehalen.
Seng Aarbecht war deelweis staark vun deeër vum Fransous Étienne Jules de Marey beaflosst.
Intressanterweis gëtt dem Muybridge seng Technik haut nach als Spezialeffekt beim Film agesat, allerdéngs, fir de Géigendeel z'erreechen: De Sujet, dee sech esougutt wéi net beweegt, dofir awer de Bléckwénkel.
[Änneren] Literatur
- Rebecca Solnit. River of Shadows: Eadweard Muybridge and the Technological Wild West, 2003 ISBN 0-670-03176-3.
[Änneren] Kuckt och
Commons: Eadweard Muybridge – Biller, Videoen oder Audiodateien |