See also ebooksgratis.com: no banners, no cookies, totally FREE.

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Aquarius (Stärebild) - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Aquarius (Stärebild)

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.


Date vum Stärebild Aquarius
Lëtzebuergesche Numm Waassermann
Laténgesche Numm Aquarius
Laténgeschen Genitiv Aquarii
Lat. Ofkierzung Aqr
Lag Ekliptik
Rektaszensioun 20h 38m bis 23h 56m
Deklinatioun +3° 20´ bis -24° 55´
Fläch 980 Quadratgrad
Siichtbar op Breedegrad 65° Nord bis 87° Süd
Observatiounszäitraum
fir Mëtteleuropa
Hierscht
Unzuel vu Stäre mat
Gréisst < 3m
2
Hellste Stär,
Gréisst
β Aquarii (Sadalsuud),
2,90m
Meteorstréim Eta-Aquariden
Delta-Aquariden
Iota-Aquariden
Nopeschstärebiller
(vun Norden am
Auerzäresënn)
Pegasus
Equuleus
Delphinus
Aquila
Capricornus
Piscis Austrinus
Sculptor
Cetus
Pisces
Stärebildkart vum Aquarius (Waassermann)
Stëch vum Stärebild Aquarius
Stëch vum Stärebild Aquarius

Den Aquarius (lat), (lëtz.: Waassermann) ass e Stärebild daat op der Ekliptik läit.


[Änneren] Beschreiwung

Den Aquarius ass e grousst, awer wéineg opfällegt Stärebild südlech vum Pegasus. Nëmmen zwee vu senge Stäre si méi hell wéi déi drëtt Gréissteklass. Den Aquarius gehéirt zu den Déierekreeszeechen, well d’Ekliptik duerch d’Stärebild leeft. D’Sonn hält sech vum 21. Januar bis den 26. Februar all Joer am Aquarius op.

[Änneren] Geschicht

Obwuel den Aquarius keen opfällegt d’Stärebild duerstellt, zielt et awer zu den eelste bekannte Konstellatiounen. Fir d’Mënschen aus der Antikitéit muss et eng gréisser Bedeitung als Kalennerzeechen gehat hunn. Wann d’Sonn an den Waassermann koum, markéiert dëst den Zäitpunkt vun der Reenzäit. Méiglechweis staamt dovun de Numm. Och e ganze Koup vun Nopeschstärebiller hunn gläichfalls eppes mat Waasser ze dinn.

[Änneren] Himmelsobjeten

[Änneren] Stären

B F Namen m M Lj Spektralklass
β 22 Sadalsuud 2,90 -3,5 610 G0 Ib
α 34 Sadalmelik 2,95 -3,9 760 G2 Ib
δ 76 Skat, Scheat 3,27 -0,18 160 A3 V
γ 48 Sadachbia, Sadalachbia 3,86 0,44 158 A0
ζ1,2 55 Bunda 3,65 105 F6IV + F3 V
c2 88 3,86 -0,60 105 F6IV + F3 V
λ 73 Hydor, Ekkhysis 3,73 -1,7 390 M2 III
ε 2 Albali 3,78 -0,46 230 A1 V
b1 98 3,96 0,48 162 K0 III
η 62 4,04 0,29 184 B9 IV
τ2 71 4,05 -1,3 380 M0 III
θ 43 Ancha 4,17 0,33 191 G8 III-IV
φ 90 4,22 0,05 222 M2 III
ψ1 91 4,24 0,95 148 K0 III
ι 33 4,29 0,67 173 B9 IV
b2 99 4,38 -0,50 K4 III
ψ2 93 4,41 -0,56 320 B5 V
ζ2 4,42 1,91 103 F3 IV
k 3 4,43 -1,2 450 M3 III
c1 86 4,48 0,67 188 G8 III
ω2 105 4,49 1,12 154 B9 V
ν 13 Abulaan 4,50m 1,00 164 G8 III
ζ1 4,59 2,08 103 F6 IV
ξ 23 Abulaan 4,68 1,0 179 A7 V
g 66 4,68 -1,2 490 K3 III
b 2 101 4,70 -0,3 320 A0 V
c2 89 4,71 -1,3 520 A3 IV
μ 6 4,73 1,34 155 A3m
ο 31 4,74 -0,6 380 B7 Ve
π 52 Seat 4,80 -2,8 1100 BI Ve
σ 57 4,82 0,27 265 A0 IV
A 2 104 4,82 -1,7 640 M3 III
Χ 92 4,93 -1,5 640 M3 III
ω1 102 4,97 1,91 134 A7 IV
ψ3 95 4,99 0,58 250
κ 63 Situla 5,04 0,76 234 K2 III
25 5,10 0,76 241 K0 III
47 5,12 1,37 183 K0 III
1 5,15 0,77 245 K1 III
108 5,17 0,2 320 Ap Si
97 5,19 0,88 237 A3 V
94 5,20 3,62 68 G6 / G8 IV
106 5,24 0,2 330 B9 V
68 5,24 0,68 266 G8 III
HR 8987 5,27 0,60 280 K3 III
107 5,28 1,21 212 F2 V
32 5,29 1,04 231 A5m
41 5,33 0,65 281 K1 III
42 5,34 -0,5 480 K1 III
ρ 5,35 -1,4 750 B8 III
103 5,36 -0,9 580 K4 / K5 III
38 5,43 -0,8 560 B5 III
83 5,44 1,63 188 F2 V
18 5,48 2,07 157 F0 V
21 5,48 0,0 410 K4 III
7 5,49 -0,8 600 K5 III

De Beta Aquarii ass mat enger schäinbarer Hellegkeet vun 2,90m den hellste Stär am Aquarius. Et ass een Iwwerris mat der Spektralklass G0 Ib op enger Distanz vu 610 Liichtjoer. De Numm Sadalsuud ass arabesch a bedeit esouvill, wéi „d’Gléck vum Gléck“.

Den zweethellste Stär, den Alpha Aquarii (Sadalmelik, arabesch „d’Gléck vum Kinnik“), ass 760 Liichtjoer vun eis ewech. Et ass en Iwwerris mat der Spektralklass G2 Ib. Hie besëtzt den 80fachen Duerchmiesser an déi 6.000fach Liichtkraaft vun eiser Sonn.

De Gamma Aquarii (Sadachbia, arabesch „d’Gléck vun den Zelter“), ass 158 Liichtjoer ewech.

Den Delta Aquarii läit op enger Distanz vun 160 Liichtjoer an huet d’Spektralklass A3 V. Als Ursprong vu sengem Numm Skat gëtt meeschtens „Been“ genannt. Et kënnt ursprénglech awer och „Wonsch“ bedeit hunn.

[Änneren] Duebelstären

System m Ofstand
ζ 4,42 / 4,59 1,67"
ψ 4,24 / 10 / 10 49,6/0,3"
ω2 4,49 / 4,97 46,8"
τ2 4,05 / 5,86 39"
41 5,6 / 7,1 5,0"
94 5,3 / 7,3 12,6"
101 4,8 / 7,1 1,2"
104 4,82 / 8,58 113"
κ 5,04 / 8,8 98,8"
107 5,7 / 6,7 6,8"

Den ζ Aqr ass een Duebelstäresystem op enger Distanz vun 105 Liichtjoren. Zwee gläichgrouss Stäre kreesen ëm ee gemäinsame Schwéierpunkt, woufir si ronn 800 Joer brauchen. D’System ka schonn an engem klengen Teleskop an zwee wäiss liichtend Stären opgeléist ginn.

[Änneren] Verännerleche Stär

Objet m Period Typ
λ 3,73 bis 3,8 onregelméisseg Verännerlecher
π 4,42 bis 4,70 Gamma-Cassiopeia-Typ
ο 4,68 bis 4,89 Gamma-Cassiopeia-Typ
R 5,8 bis 12,4 387 Deeg Mira-Stär

Den R Aquarii ass ee verännerleche Stär vum Typ Mira op enger Distanz vun 1.000 Liichtjoren. De Stär ännert an engem Zäitraum vun 387 Deeg seng Hellegkeet, woubäi an engem Rhythmus vun 24 Joren periodesch Schwankungen optrieden. Am Maximum ass de Stär 5,8m hell a kann nach just mam bloussen A gesinn ginn. Am Minimum erreecht hie nëmmen nach eng Hellegkeet vun 12,4m. An deem Zäitraum brauch een natierlech e vill méi grousst d’Teleskop.

[Änneren] Messier- an NGC-Objeten

Messier (M) NGC verschiddener m Typ Numm
2 7089 6,4 Kugelstärekoup
72 6981 9,5 Kugelstärekoup
73 6994 8,5 Oppene Stärekoup
7009 9 Planetareschen Niwwel Saturnniwwel
7184 11 Galaxis
7293 7 Planetareschen Niwwel Helixniwwel
7492 11 Kugelstärekoup
7606 11 Galaxis
7727 10 Galaxis

Am Aquarius befanne sech dräi Objete, déi de franséischen Astronom a Koméitejeeër Charles Messier an sengem Katalog mat niwwelegen Objeten (Messier-Katalog) opgeholl hat.

De M 2 ass e Kugelstärekoup op enger Distanz vu 50.000 Liichtjoer.

De M 72 ass och e Kugelstärekoup a läit op enger Distanz vun 60.000 Liichtjoren. Et ass de liichtschwaachsten Kugelstärekoup am Messierkatalog.

De M 73 ass keen echte Stärekoup, mee eng Grupp vu véier Stären an engem Ofstand vun 2.000 Liichtjoren.

A ronn 3000 Liichtjoren Distanz befënnt sech de planetareschen Niwwel NGC 7009, deen och Saturnniwwel genannt gëtt. Mat senger elliptescher Form erënnert hien eppes un d’Rankplanéiten Saturn.

Am südlechen Deel fënnt een den Helixniwwel. Et ass e planetareschen Niwwel op enger Distanz vu 500 Liichtjoren. Mat engem Duerchmiesser vun 13 Bouminutten an enger Hellegkeet vun 7m ass et dee gréissten an hellsten planetaresche Niwwel um Nuetshimmel.

[Änneren] Exoplanéiten / Planemos

Gliese876B
Gliese876B

Beim Gliese 876 hëlleft keen optescht Instrument méi, fir de Begleeder ze erkennen: E Planemo. De Rouden Zwerg am Aquarius (Liichtkraaft: 0,0016 x Sonn, Mass: 0,32 x Sonn, Duerchmiesser: 0,36 x Sonn) ass 11 Milliarde Joren al a weist e vun de klengsten entdeckten Planéiten op. De Planemo vun der 8-facher Mass vun der Äerd an duebelem Duerchmiesser ëmkreest de Stär vun der Spektralklass M3,5 (Gréissteklass 10,15) all 1,94 Deeg an engem Ofstand vun 0,021 AE. Fir Liewen ass hien - egal op Gas- oder Gesténgsplanéit - opgrond vun senger kuerzer Distanz zum Stär mat 200 - 400 °C ze waarm (ähnlech: My Arae). Zwee weider, och ganz waarm Exoplanéiten mat der 1,6- an 0,5-facher Mass vum Jupiter ëmkreesen de Stär an nëmme 0,21 bzw. 0,13 AE Ofstand.

[Änneren] Kuck och

[Änneren] Um Spaweck

Commons: Aquarius – Biller, Videoen oder Audiodateien


aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -