Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den 24. Februar ass den 55. Dag vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
- 1525: An der Schluecht vu Pavia gewannen d'Truppe vum Keeser Karel V. an huelen de franséische Kinnek François Ier gefaangen.
- 1848: De franséische Kinnek Louis-Philippe vun Orleans gëtt an der Februarrevolutioun ofgesat.
- 1896: De franséische Physiker Antoine-Henri Becquerel entdeckt d'radioaktiv Strahlung vun Uran.
- 1918: Estland gëtt onofhängeg vu Russland.
- 1920: D'Nationalsozialistische Deutsche Arbeiterpartei (NSDAP) gëtt gegrënnt.
- 1949: Waffestëllstandsofkommes tëschent Israel an Ägypten nom Palästinakrich.
- 1984: Gesetz iwwert de Sproochegebrauch zu Lëtzebuerg: Lëtzebuergesch gëtt als "Nationalsprooch" definéiert a kritt de Status vun enger administrativer Sprooch (nieft Däitsch a Franséisch).
- 1991: Ufank vum Zweete Golfkrich matt der Operatioun Wüsteschëld.
- 1500: Karel V., Keeser vum Hellege Réimesche Räich.
- 1786: Wilhelm Grimm, däitsche Sproochwëssenschaftler a Schrëftsteller.
- 1843: Teófilo Braga, portugisesche Schrëftsteller a Politiker.
- 1871: Luc Housse, lëtzebuergeschen Affekot a Politiker.
- 1885: Chester W. Nimitz, Admirol vun der US-Marine.
- 1902: Hary Haagen, lëtzebuergesche Schauspiller.
- 1909: Riccardo Freda, italienesche Filmregisseur, -produzent a -schauspiller.
- 1927: Emmanuelle Riva, franséisch Schauspillerin.
- 1942: Norbert Hastert, lëtzebuergesche Moler.
- 1951: Monique Melsen, lëtzebuergesch Sängerin a Kabarettistin.
- 1955: Steve Jobs, Matgrenner an CEO vun Apple.
- 1958: Plastic Bertrand, belsche New-Wave-Museker.
- 1960: Marc Angel, lëtzebuergesche Kënschtler.
- 1972: Tina Gillen, lëtzebuergesch Molerin.