UCI ProTour
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D’ UCI ProTour ass eng Serie vun deene schéinste Vëloscourssen op der Strooss an dat mat deene bëschte Vëlosfuerer an deene gréissten Equipen aus dem Profiberäich weltwäit.
Si gouf 2005 vun der Union Cycliste Internationale, dem Weltverband vum Vëlosport, am Kader vun enger Reform am Profisvëlosport, an d’Liewe geruff. Déi éischt Course vun der UCI Pro Tour wor d'Etappecourse Paris - Nice, déi de 6. Mäerz 2005 zu Paräis gestart gouf.
Bei all Course gi Punkten un d'Vëlosfuerer verdeelt déi an engem UCI ProTeam fueren an dat no engem Puntkebarème am UCI-Réglement.
Et gi bei all Course vun der Serie dräi verschidde Klassementer gemaach: ee fir d’Vëlosfuerer, ee fir d’Equippen an ee fir d’Natiounen.
D'Punkten ginn no all Course mat de Punkte vun de virege Coursen zusummegerechent.
[Änneren] Punkteverdeelung
[Änneren] Individuel
- Kategorie A: Tour de France
- 100 Punkte fir de Gewënner am Generalklassement, 75 fir den Zweeten, a 60 fir den Drëtten. Duerno ginn et der 55, 50, 45, 40, 35, 30, 25, 20, 15, 12, 10, 8, 6, 5, 4, 3 an 2 Punkte fir den Zwanzechsten.
- Kategorie B: Giro d'Italia, Tour d'Espagne
- 85 Punkte fir de Gewënner, duerno 65, 50, 45, 40, 35, 30, 26, 22, 19, 16, 13, 11, 9, 7, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt fir den 20.
- Kategorie C: Milano - Sanremo, Tour des Flandres, Paris - Roubaix, Liège - Bastogne - Liège, Tour de Lombardie, Paris - Nice, Tirreno - Adriatico, Dauphiné Libéré, Tour du Pays Basque, Tour de Romandie, Tour de Suisse, Tour d'Allemagne, Eneco Tour, Tour de Catalogne, Tour de Pologne
- 50 Punkte fir de Gewënner, duerno 40, 35, 30, 25, 20, 15, 10, 5 an 2 Punkte fir den Zéngten.
- Kategorie D: Amstel Gold Race, Gent - Wevelgem, Flèche Wallonne, Grand Prix de Plouay, Paris - Tours, Classique de San Sebastian, Grand Prix de Zurich, Vattenfall Cyclassics
- 40 Punte fir de Gewënner, duerno 30, 25, 20, 15, 11, 7, 5, 3 an 1 Punkt fir den Zéngten..
- Etapp am Tour de France:
-10 Punkte fir den Éischten, 5 fir den Zweeten, an 3 fir den Drëtten.
- Etapp an engem anere groussen Tour:
-8 Punkte fir den Éischten, duerno 4 an 2.
- Etapp an anere Courssen:
- 3 Punkte fir den Éischten, duerno 2 an 1.
[Änneren] Natiouneklassement
D’Punkte vun de 5 éischte Coureure vun enger Natioun ginn zesummegrechent fir dëst Klassement.