See also ebooksgratis.com: no banners, no cookies, totally FREE.

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
The Spiderwick Chronicles - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

The Spiderwick Chronicles

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

The Spiderwick Chronicles, op däitsch Die Spiderwick-Geheimnisse, ass eng aachtdeeleg Fantasyrei fir Kanner vun 8 Joer un, déi vun der US-amerikanescher Autorin Holly Black geschriwwen a vum Tony DiTerlizzi illustréiert ginn ass. D’Haaptfigure sinn d’Gesëschter Jared, Simon a Mallory, déi no der Scheedung vun hiren Elteren an en aalt Haus an Nei-England geplënnert sinn. Do geschéie komesch Saachen, déi sech keen erkläre kann, bis den Jared an der Bibliothéik vum Arthur Spiderwick op deem säin Handbuch stéisst, dat vun de magesche Kreaturen handelt, an an deem en Hiwäiser vun engem Kobold fënnt.

Domat fänken d’fantastesch Aventurë vun den dräi Gesëschter an der Welt vun den Zauberwiesen un…

D’Serie gëtt vun den däitsche Bicher Spiderwicks Handbuch für die fantastische Umwelt um dich herum, Über Haltung und Pflege von Elfen, Notizbuch für fantastische Beobachtungen, Die große Entdeckungsreise durch die verzauberte Welt dokumentiert von Thimbletack an Das Geheimnis der Spiderwicks - Das Buch zum Film ergänzt.

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Handlung

[Änneren] Band 1 – The Field Guide

D’Eltere vun de Gesëschter Jared, Simon an Mallory si grad gescheet ginn. Du plënneren déi dräi mat hirer Mamm an d’Haus vun hirer Grousstatta, en aalt onheemlecht Gebai, dat ausgesäit wéi iwwerdenee getässelt Heipen. Ëmmer erëm geschéien am Alldagsliewe komesch Saachen, wou dann ugeholl gëtt, de Jared hätt eng gestiicht oder e Witz gemaach. Den Onschëllege verdréit dat net laang a sicht no der wierklecher Léisung.

Hie fënnt doropshin d’geheim Bibliothéik vum Arthur Spiderwick, dee mat hirer Grousstatta Famill war, an d’Buch Arthur Spiderwicks Handbuch für die fantastische Welt um dich herum. Dëst Buch weist dem Jared d’Dier zu enger fantastescher Welt, well nodeems hien d’Buch gelies huet, ass hie sécher, datt en Irrwicht am Haus säin Onwiesen dreiwe muss. A senger Fal verfänkt sech allerdéngs de Wiichtelmännchen Thimbletack ...

Elo gleewen him och seng Gesëschter.

[Änneren] Band 2 – The Seeing Stone

D'Buch Arthur Spiderwicks Handbuch für die fantastische Welt um dich herum ass weiderhin am Besëtz vum Jared. Den Thimbletack warnt hien, dass et geféierlech wär, mee de Jong lauschtert net op hien.

De Simon sicht säi Kueder Tibbs, wou hien am Gaart verschwënnt ouni Spuren ze hannerloossen. Den Jared kritt e "Sehersteen" vum Wiichtelmännchen, mat deem senger Hëllef d’Fabelwiese siichtbar ginn. Leider war den Jared onhéiflech zum Thimbletack, an de Wiichtelmännchen ass net gutt op hien ze spriechen. Dofier muss den Jared sech eleng mam Mallory op de Wee maachen.

A scho gi se vun engem Kobold ugegraff, mee d’Mallory kann se mat sengem Florett nach eng Kéier retten. Den zweeten Wee féiert déi zwéin an e Bësch, wou se op en Troll an d’Kobolden treffen...

[Änneren] Band 3 – Lucinda's Secret

Den Thimbletack ass nach ëmmer rosen a stiicht de Kanner eng. Se wëssen sech net aanescht ze hëllefen a besichen hir Grousstatta Lucinda am Spidol, déi sech mat de Fabelwiesen ganz gutt ausskennt.

D’Handbuch ass dono awer leider verschwonn. Mat enger Landkaart, déi hinnen den Thimbletack hannerlooss huet, mussen d’Gesëschter sech erëm op d’Rees maachen. Opwuel e Phooka se gewarnt huet, trëppelen d’Kanner an d’Fal vun den Elfen a gi vun hinnen gefaangen geholl…


[Änneren] Band 4 - The Ironwood Tree

D’Mallory gewënnt bei engem Fechttournéier eng Medail, mee wärend dem Concours maache sech zwee Kanner u sengem Sportskuerf ze schafen, wéi hir Bridder gesinn. Nodeems de Jared ee vun deenen zwee zur Ried stelle wëll, leeft dee fort…

D’Mallory ass zënter deem Tëschefall spuerlos verschwonn. An der Schoul fannen hir Bridder e Steen, op deem Handel ze liesen ass. Dowéinst siche se fir d’éischt an enger Minière no Hiwäiser. Nodeems déi zwee e Rätsel geléist hunn, gi se vun Zwerge gefaang geholl, déi d’Mallory géint d’Handbuch tausche wëllen…

[Änneren] Literatur

  • Holly Black; Tony DiTerlizzi: The Spiderwick Chronicles, Bd. 1: The Field Guide . Simon & Schuster Australia , 2004, ISBN 978-0689859366
  • Holly Black; Tony DiTerlizzi: The Spiderwick Chronicles, Bd. 2: The Seeing Stone. Simon & Schuster Australia , 2004, ISBN 978-0689859373
  • Holly Black; Tony DiTerlizzi: The Spiderwick Chronicles, Bd. 3: Lucinda's Secret. Simon & Schuster Australia , 2005, ISBN 978-0689859380
  • Holly Black; Tony DiTerlizzi: The Spiderwick Chronicles, Bd. 4: The Ironwood Tree. Simon & Schuster Australia , 2005, ISBN 978-0689859397
  • Holly Black; Tony DiTerlizzi: The Spiderwick Chronicles, Bd. 5: The Wrath of Mulgarath. Simon & Schuster Australia , 2005, ISBN 978-0689859403
  • Holly Black; Tony DiTerlizzi: The Nixie's Song: Beyond the Spiderwick Chronicles, Bd. 6. Simon & Schuster Australia , 2007, ISBN 978-3-570-13211-1
  • Holly Black; Tony DiTerlizzi: Arthur Spiderwick's Field Guide to the Fantastical World Around You. Simon & Schuster Australia , 2006, ISBN 0-7435-6915-6
  • Holly Black; Tony DiTerlizzi: Arthur Spiderwick's Notebook for Fantastical Observations. Simon & Schuster Australia , 2007, ISBN 978-1416903451


aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -