Théophraste Renaudot
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Théophraste Renaudot (* 1586 zu Loudun am heitegen Departement Vienne), † 25. Oktober 1653 zu Paräis) gëlt als Grënner vum moderne Journalismus.
Hie gouf schonns mat 19 Joer Doctor Medicinae, a méi spéit de perséinlechen Dokter vum Kinnek Louis XIII.
1612 huet hien zu Paräis en Annoncebureau opgemat. Seng Meritten an der Publicitéit an an der franséischer Press berouen op sengen zwou Kreatiounen, dem Bureau d'adresses (1630) an der Wochenzeitung La Gazette (30. Mee 1631), déi en ugaangs just erausbruecht huet, fir doranner seng Aarbechtsannoncen ze publizéieren. Duerno sinn awer nach Nouvellen derbäi komm.