Sofia Rotaru
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Sofia Rotaru (mat vollem Numm Sofia Michailowna Ewdokimenko-Rotaru - София Михайловна Евдокименко-Ротару), gebuer de 7. August 1947 ass eng russesch - ukrainesch Popsängerin.
Si ass dat zweet vu sechs Kanner aus enger moldaweschstämmeger Familljen, déi an d'Ukrain immigréiert ass. Hire Papp ass de Michail Fjodorowitsch Rotar, gebuer 1918, an hir Mamm d'Alexandra Iwanowna Rotar (1920-1997).
Vun der Primärschoul un huet si a Schoul- an a Kierchechéier gesongen. 1971 huet si an engem Museksfilm matgespillt, dem Tscherwona rut, a méi spéit nach a sechs aneren. 1986 krut se als éischt Popsängerin den Titiel Vollekskënschtlerin vun der Sowjetunioun. Weider krut si den Titel Held vun der Ukrain.
Hire Mann, dee si wärend hirer Carrière ënnerstëtzt huet, war den ukrainesche Sänger Anatoli Kirillowitsch Jewdokimenko (1942-2002). Si huet e Jong, e Meedchen, a véier Kandskanner.
D'Sofia Rotaru lieft 2008 zu Jalta an der Ukrain.