See also ebooksgratis.com: no banners, no cookies, totally FREE.

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Service de Renseignement de l'État - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Service de Renseignement de l'État

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

De Service de renseignement de l'État (bis 2004: Service de renseignements (an der Méizuel), am Volleksmond och alt Spëtzeldéngscht genannt, ass de Lëtzebuerger Inland-Geheimdéngscht.

Seng Fonctioune sinn duerch d'Gesetz vum 15. Juni 2004 geregelt. En ënnersteet direkt dem Premierminister.

De Service gëtt vun enger Chamberkommissioun kontrolléiert, déi aus de Fraktiounspresidente besteet an déi sech zënter dem Abrëll 2005 regelméisseg trëfft. D'Kommissioun kann déi generell Aktivitéiten vum SRE kontrolléieren a spezifesch Dossieren ënnert d'Lupp huelen. Zu dësem Zweck huet d'Chamberkommissioun d’Recht iwwert alles informéiert ze ginn an huet Zougrëff op all Dokumenter, déi hir an der Ausübung vun hire Missioune wichteg erschéngen, mat Ausnahm vun deenen Dokumenter, déi kéinten d’Identitéit vun enger Source vum Service de renseignement bekannt ginn oder déi enger Drëttpersoun kéinte schueden.

D'Publikatioun vun engem alljährleche Rapport iwwert d'Activitéite vun der Kontrollkommissioun suergt fir méi Transparenz.

De Service de renseignement ka bis maximal 60 fest Mataarbechter hunn.

Aus Präventiounsgrënn huet de Service de renseignement haaptsächlech als Missioun all Aktivitéiten ze recherchéieren, z'analyséieren an nozegoen, déi d’Sécherheet vu Lëtzebuerg kéinte gefäerden. Dat gëlt och wann d'Sécherheet vun engem Staat a Gefor ass, un dee Lëtzebuerg duerch en Accord am Kader vun enger gemeinsamer Verdeedegungspolitik gebonnen ass. Dëst trëfft och bei internationalen Organisatiounen zou, déi hire Sëtz zu Lëtzebuerg hunn oder hir Missioune vu Lëtzebuerg aus leeden, esou wéi och am Kader vun internationalen Relatiounen oder vu wëssenschaftlechem ekonomeschen Potenzial vum Groussherzogtum.

Mam Begrëff „Aktivitéit déi d’Sécherheet vum Land gefäerdt“ si virun allem déi Aktivitéite geméngt, déi kéinten am Zesummenhang mat Spionage, mam Amësche vun enger auslännescher Muecht a Staatsaffairen, mat Terrorismus, mat der Verbreedung vun net konventionelle Waffesystemer an den dozou gehéirenden Technologien oder mat der organiséierter Kriminalitéit, an deem Mooss, wou se sech am uewegenannte Kader beweegt, ze dinn hunn.

Doriwwer eraus ass de Service de renseignement domadder beoptraagt, d'Sécherheet vun de klassifizéierten Dokumenter ze sécheren a fir d'Sécherheetsermëttlungen duerchzeféieren, déi vum Gesetz virgesi sinn oder déi duerch internationaalt Recht ofgeleet sinn.

Den Direkter ass zënter 2003 de Marco Mille.

Aner Sproochen


aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -