Schëpp
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Eng Schëpp ass en einfacht Geschir dat benotzt gëtt fir Buedem, Sand, oder soss lassent Materiel, wéi Kuelen, kleng Waken, Kiselsténg op enger kuerzer Distanz ze deplacéieren, sief et datt een d'Material direkt niewenun déi Plaz schëppt op deeër et läit, oder an oder op en anert Transportmëttel, mat deem et weider transportéiert ka ginn.
Ofhängeg vum Material dat dermaater geschëppt soll ginn, hunn d'Schëppe verschidde Gréissten a Formen wéi z.B d'Kueleschëpp, d'Huewerschëpp, d'Manganschëpp.
Schëppe fir Buedem ze schëppen, bestinn aus engem metallenen Deel, der eigentlecher Schëpp, déi no vir ofgerënnt ka sinn, oder eng rechteckeg Form kann hunn, an un deem de Schëppestill ubruecht ass.
Kleng Schëppen, wéi Drécksschëppen am Hausgebrauch bestinn hautdesdaags meeschtens just aus engem Deel, dee ganz aus Konschtstoff geformt ass.