Rudolf Minkowski
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Rudolph Leo Bernhard Minkowski gebuer den 28. Mee 1895 zu Stroossbuerg a gestuerwen de 4. Januar 1976 zu Berkeley, Kalifornien) war en däitsch-amerikaneschen Astrophysiker. Hie war de Jong vum Pathologieprofesser Oskar Minkowski.
D’Andeelung vu Supernovae an d’Typen I an II (zesummen mam Walter Baade) liwwerten eeng grouss Aarbecht fir d’astronomesch Distanzbestëmmung.
Hien huet de 14. September 1951 zesummen mam A. G. Wilson den Asteroid (1620 Geographos) entdeckt.
De Minkowski gouf am Joer 1961 mat der Bruce Medal ausgezeechent.
[Änneren] Literatur
- Minkowski, R. (1939): The Spectra of the Supernovae in IC 4182 and in NGC 1003., ApJ 89, 156
- Minkowski, R. (1941): Spectra of Supernovae, PASP 53, 224–225
[Änneren] Um Spaweck
- (en) BruceMedailist:Rudolph Minkowski mat Foto vum Minkowski