Robben Island
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dëse Geographiesartikel zu Afrika ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Robben Island ass eng kleng Insel am Atlantik (net wäit vun der Küst eweg), nordwestlech vu Kapstad an Südafrika. Dës Insel ass an der Zäit vun der Apartheid benotzt ginn, fir do politesch Prisonnéier ënnerzebréngen. Ee vun de prominenteste Prisonnéier war de Nelson Mandela, ANC-Rebellechef, spéidere President vu Südafrika a Friddens-Nobelpräis-Dréier. Haart hunn d'Gefaangenen do a Steebrëch misse schaffen, bis 1971 d'Haftbedengungen erliichtert goufen a si souguer do studéieren konnten. Déi lescht Jore vu senger Gefaangeschaft huet de Nelson Mandela benotzt, fir ze studéieren a sech weiderzebilden.
D'Insel ass haut eng national Erënnerungsplaz mat Musée a ka besicht ginn. Fréier Prisonnéier spillen do de Guide. Am Joer 1999 gouf d'Insel vun der UNESCO op hir Lëscht vun der Weltierfschaft gesat.
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
- Lëscht vun der Weltierfschaft