Radikal-Liberal Partei
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Radikal-Liberal Partei (Parti Radical Libéral, PRL), war eng Lëtzebuerger politesch Partei.
Si ass 1932 entstanen aus dem Zesummeschloss vun der Radikal-Sozialistescher Partei an der Radikaler Partei, déi 1924 aus dem Auserneebrieche vun der Liberaler Liga entstane waren.
Méi spéit hu sech hir och aner liberal Gruppen ugeschloss, sou dass 1937 déi Liberal nees eng eenzeg Partei haten.
Vum 11. Abrëll 1932 bis dem 5. November 1937 war d'PRL Koalitiounspartner an der Regierung Bech.
Nom Zweete Weltkrich hu sech déi Liberal nees ënnert dem Numm Groupement Patriotique et Démocratique zesummefonnt, deen 1954 an Demokratesch Partei (DP) ëmgenannt gouf.
[Änneren] Resultater vun de Chamberwalen 1934-1937
Walresultater Radikal-Liberal Partei 1934-1937 |
||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|
Joer | Sëtzer | vun am ganzen |
||||||
1934 | 3 | 54 | ||||||
1937 | 5 | 55 |