Psychopompos
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dëse Mythologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Psychopompos (gr. ψυχοπομπóς, "deen deen d'Séil begleet") ass an der griichescher Mythologie en Epitheton (Bäinumm) vum Hermes, deen d'Séile vun deene Verstuerwenen an d'Ënnerwelt (Hades) begleet huet. E soll déi Funktioun vum Apollo iwwerholl hunn.
D'Virstellung vum Séilebegleeder war allgemeng verbreet. Sou hunn d'Egypter de schakalkäppegen Anubis kannt, an an der germanescher Mythologie hunn d'Walküren déi gefale Krichsleit vum Schluechtfeld op Walhalla geholl. Bei de Kelten huet déi Aufgab den Ogma iwwerholl.
Den Uersprong huet des Virstellung wahrscheinlech am Schamanismus, wou de Schaman d'Séile vun de Verstuerwenen an d'Jenseits begleet huet.