Parisii
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Parisii waren e keltesche Stamm aus der Eisenzäit, dee bis zu der Zäit vum réimeschen Imperium um Bord vun der Seine geliewt huet. Hir gréisste Stad (Oppidum) war Lutetia Parisiorum, déi ënnert de Réimer - ënnert dem Numm Lutetia - e wichtegt Zentrum vun dëser Regioun ginn ass. Heirausser ass spéider d'Stad Paräis entstanen.
Während dem Galliefeldzuch vum Julius Caesar (De Bello Gallico) hunn d'Parisii un der Säit vum Vercingetorix géint d'réimesch Eruewerer gekämpft. Et ass méiglech, datt verschiddener vun hinnen no der Néierlag a Britannien geflücht sinn. Méi wahrscheinlech ass et allerdéngs, datt si scho virdrun, während der belscher Immigratioun iwwert d'Mier ausgewandert sinn.
D'réimesch-britesch Parisii-Stämm an der Géigend vun Ost Yorkshire an Humberside a Britannien stame mat grousser Sécherheet vum keltesche Stamm of.
D'Begriefnisritualer vu béide Stämm ënnerscheede sech nëmme minimal, an d'Arras Kultur, déi ronderëm East Yorkshire an der fréier La-Tène-Zäit gewunnt huet, weist eendeiteg kontinental Aflëss. Begriefnisser, bei denen de Verstuerwenen an e Gefiert nierwt eng quadratesch Schubkar geluegt gouf, goufen a béide Regioune fonnt.
[Änneren] Literatur zum Thema
- Venceslas Kruta, Les Celtes, histoire et dictionnaire, Robert Laffont, Paräis.
[Änneren] Um Spaweck
Wikisource: De Bello Gallico – Quellentexter |
- (en) Parisii a Britannien
Portal vun der Stad Paräis – All d'Artikelen op der Wikipedia zu der Stad Paräis. |