Wikipedia:Nummkonventiounen/Aserbaidschanesch
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Aserbaidschanesch Sprooch gëtt am laténgeschen Alphabet mat verschiddene Sonnerzeeche geschriwwen, déi och am Tierkesche gebraucht ginn.
[Änneren] De Buschtaf ə
De Buschtaf ə (grouss Ə) ass besonnesch. Zwar ass et och am Aserbaidschan selwer erlaabt, amplaz vun dëse Sonnerzeechen d'Bustawen Ä an ä zu verwenden, mee am praktesche Gebrauch dominéieren Ə an ə bei wäitem.
An der lëtzebuergescher Wikipedia gëtt ä (bzw. Ä) geschriwwen, well et esou éischtens keng Problemer mat der korrekter Duerstellung um Bildschirm entstoe kann, an zweetens well et méi lieserlech ass. Ët gëtt ugeroden, vun der Schreifweis mat Ə an ə eng Weiderleedung op d'Schreifweis mat Ä an ä ze maachen, ënnert deeër den Artikel ugeluecht gëtt, an déi och am Text duerchgängeg benotzt gëtt. Déi alternativ Schreifweis mat Ə an ə soll een an der Introductioun vum Artikel zousätzlech uginn.
Dës Regel gëllt souwuel fir Persounen- wéi och Uertschaftsnimm.