See also ebooksgratis.com: no banners, no cookies, totally FREE.

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Noutwier - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Noutwier

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Dësen Artikel gehéiert zur Serie vun den Droits-Artikelen. Dës Explikatioune bezéie sech am Prinzip just op dat lëtzebuergescht Recht. Ënner Ëmstänn sinn déi lescht Changementer an der Legislatioun an/oder der Jurisprudenz nach net en compte geholl. Et handelt sech och net ëm e juristesche Rot, mee ëm eng vereinfachend Duerstellung fir Laien. A konkrete Fäll soll ee sech ëmmer un en Affekot wennen!

D'Noutwier ass en objektive Rechtfertegungsgrond, deen d'Kriminalitéit vun engem Akt vun Doutmaachen oder Kierperverletzung suppriméiert, wann dësen Akt dee Moment notwenneg war, fir sech selwer oder en Drëtten a berechtegter Selbstverdeedegung ze schützen.

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Conditioune vun der Noutwier

An anere Wierder, wann eng Persoun mat enger ongerechter Aggressioun konfrontéiert gëtt an an en Interessekonflikt geréit mat op deer enger Säit der Realisatioun vun deer Gefor an op deer anerer Säit der Verdeedegung géint déi Gefor duerch en Akt vun Doutmaachen oder Kierperverletzung, deen also am Prinzip selwer e Crime oder en Délit duerstellt, da kann dësen Akt vu senger Qualifikatioun als Crime oder Délit befreit ginn, wann déi folgend Konditiounen all erfëllt sinn:

  • den Auteur vun der Dot muss sech zur Wier gesat hu géint eng aggressiv, aktuell an imminent Attack;
  • dës Aggressioun muss ongerecht gewiecht sinn;
  • se muss géint seng Persoun oder géint en Anere geriicht gewiecht sinn; an
  • d'Verdeedegung muss proportionnéiert zur Attack gewiecht sinn.

[Änneren] Explikatiounen zu de Conditiounen

Et muss sech also ëm eng seriö a grave Attack handelen, déi drop an drun oder schonn amgaang ass fir sech ze realiséieren. Wann d'Aggressioun bis eriwwer ass, dann ass och d'Méiglechkeet vun der berechtegter Selbstverdeedegung eriwwer.

D'Aggressioun ass als ongerecht unzegesinn, wa se weder eng rechtlech Grondlag huet, nach vum Gesetz autoriséiert oder virgeschriwwe war. E Kriminelle ka sech also net op d'Légitime défense beruffe, wann e sech géint d'Police wiere wëll déi e festhuele soll. Mee wa Beamte vun enger Autoritéit sech engem wierklech manifest verbuedenen Akt schëlleg maachen, da kann ee sech schonn a berechtegter Selbstverdeedegung zur Wier setzen. Weider ass et evident, datt deejéinegen, vun deem eng Aggressioun ausgaangen ass, net herno d'Légitime défense invoquéiere kann, wa seng Cictime sech géint hee gewiert huet.

Wa Rieds geet vu "sech selwer oder en Drëtte" schützen, dann ass domat an éischter Linn d'Protektioun vun der Persoun an hirem Liewe geduet. Et ass awer och méiglech, a Légitime défense d'Éier oder de Besëtz ze verdeedegen, mee déi Valeure si manner héich anzestufe wéi d'Persoun an hiert Liewen an dofir muss d'Verhältnesméissegkeet vun der Verdeedegung hei absëns respektéiert ginn. Esou kann een net vu berechtegter Selbstverdeedegung schwätzen, wann een z.B. en einfachen Abriecher ëmbruecht huet, ausser wann ee légitimement menge konnt, ausser dem Besëtz wier och gläichzäiteg déi eege Persoun oder déi vun engem Drëtte bedréit.

D'Appréciatioun vun der Proportionnalitéit vun der Verdeedegung par rapport zur Gravitéit vun der Aggressioun gehéiert dem Geriicht. Dëst kann eng ganz delikat Tâche sinn, mee dacks ass d'Aschätzung awer méi oder wéineger einfach wann ee sech un der Jurisprudenz orientéiert. Een doutmaache well een eng op de Bak krut ass definitiv iwwerdriwwen.

[Änneren] Zwee Fäll vu Présomptioun vun Noutwier

Et gëllt déi (einfach) Présomptioun vun Noutwier, wann den Akt vun Doutmaachen oder Kierperverletzung dozou gedéngt huet, fir nuets en Abriecher zeréckzestousse, deen an eng Wunneng oder hir Dépendancen eraklamme wollt. Dës Présomptioun kann ëmgehäit ginn, wa bewisen ass, datt den Auteur vun der Dot net un en Attentat géint d'Persoun (sief et per se oder als Riposte) gleewe konnt, z.B. well e genee wosst datt den Abriecher aner Motiver hat fir an d'Wunneng ze kommen.

Et gëllt déi (irréfragabel) Présomptioun vun Noutwier, wann ee sech mat deem Akt géint en Déifstall wiere wollt, deen zesumme mat effektive Gewalttätegkeete géint d'Persoun verübt ginn ass.

D'Notioun vun "Nuet" gëtt vum Riichter op Basis vun de Fakten appréciéiert.

[Änneren] Linken


aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -