See also ebooksgratis.com: no banners, no cookies, totally FREE.

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Naturschutzgebitt Kuebendällchen - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Naturschutzgebitt Kuebendällchen

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Kuebendällchen ass en Naturschutzgebitt an de Gemenge Wellesteen a Biermereng. Am Dräieck Wellesteen, Schwéidsbengen an Elveng läit an der Riewelandschaft vun de Muselhäng e Bëschgebitt mat Hallefdréchewisen, wouvun zirka 35 ha zënter 1991 ënner Naturschutz stinn.

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Geologie a Geschichtleches

De Kuebendällchen, deen Deel vun engem klenge Säitendällche vun der Kourlerbaach ass, läit geologesch gesinn haaptsächlech an den décke Schichte vum mëttlere Keuper, dem Steemergelkeuper. Dës Gestengsschichte si virun ongeféier 200 Millioune Joere bei der Oflagerung vu kallek- an tounräiche Sedimenter (Mergel) aus enger fréierer Küstelandschaft entstan. Duerch déi tounräich Schichte kann d'Waasser kaum versickeren a fléisst uewerflächlech of, wat zur Folleg huet, datt verstäerkt Buedem a Gestengspartikelen ofgedroe ginn. Op dës Manéier hu sech am Laf vun der Zäit Däller mat zum Deel géien Häng forméiert. Wéinst de waasseronduerchlässege Mergelschichten trieden eng Rei Quellen am Gebitt aus.

Ouni mënschlechen Agrëff an d'Natur, giff d'Dällche bal vollstänneg mat Bichebëscher, an där Routbich (Fagus sylvatica) virherrscht, bedeckt sinn. Haut weist Gebitt allerdéngs eng Villfalt vu Liewensraim op, déi op eng fréierer Kulturlandschaft mat hirer ënnerschiddlecher Notzungsgeschicht zréck geet. Während déi nordwestlech exponéiert Hanklag vum Kuebendällchen zënter nach ëmmer forstwirtschaftlech genotzt ginn ass, huet een am südëstlechen Hank, deen haut d'Kärzon vum Naturschutzgebitt ass, iwwer laang Zäit Landwirtschaft bedriwwen. Wéinst der ongënschteger Lag an dacks naassen a schmierege Weeër an de Schichte vum Keuper ass haaptsächlech vun aarme Klengbaueren, déi sech kee Grondbesëtz a bessere Lagen uschafe konnten, Wäin ugebaut ginn. Well de Wäibau aleng net zum Liewensënnerhalt ausgereecht huet, gouf och nach extensiv Véi gehalen. Zënter de 1950er an 1960er Joere goufe wéinst den ongënschtege Conditiounen d'landwirtschaftlech Notzung lues a lues opginn. E groussen Deel vun de Fläche si schliisslech mat de standuertsfrieme Fiichten (Picea abies) opgeforst ginn, déi der Produktioun vu Poulholz am Wäibau an dem Verkaf vu Chrëschtbeemercher gedéngt hunn. Aner Fläche goufe sech selwer iwwerlooss. Iwwerreschter vun deem mam Wäibau enk verbonnene Kappweiden-Ubau sinn haut nach ze gesinn. Déi kleng flexibel Äscht vu Weide sinn zum Festbanne vun de Wäiplanze genotzt ginn.

Mam Zil, datt aarteräich Hallefdréchewise sech nees entwéckle kënnen, huet den Naturschutzdéngscht vun der Forstverwaltung am Joer 1999 mat dem Emhae vun éischte Fiichtebestänn ugefaang. Schonns virdrun ass d'Gebitt wéinst senger Villfalt u rarer Fauna a Flora mam groussherzoglechem Reglement vum 25. Oktober 1991 mat 22,7 ha an enger 12,4 ha grousser Pufferzon zum Naturschutzgebitt ausgewise ginn.

[Änneren] Ökologie

Déi wiesselvoll Notzungsgeschicht vum Dällche spigelt sech haut am Vegetatiounsbild zréck. Tëscht verschiddene Getraischstrukturen, déi aus enger natierlecher Vegetatiounsentwécklung no Notzungsenn ervirgaang sinn, leien eenzel oppe Fläche mat kallekhaltegen Hallefdréchewisen. Si, déi aus enger laangjäreger extensiver Wisen- oder Weedenotzung ervirginn, ziele mat hire Vegetatiounsbestänn a Mëtteleuropa zu den aarteräichste Planzegesellschaften iwwerhaapt a bidde virun allem konkurrenzschwaache Planzen, wéi den Orchideeën e Liewensraum. Nieft der Orchis purpurea oder der Kruuchteblumm (Orchis mascula) fënnt een haut och nach vereenzelt d'Gielécker (Anthyllis vulneraria) oder d'Broochdëschtel (Eryngium campestre) hei. Op dëse Brooche mat Seechomeskéip sicht heefeg de Gréngspiecht (Picus viridis) no Seechomessen, vun deenen hie sech haaptsächlech erniert.

Déi konkurrenzschwaach Planzegesellschaften, déi mat e puer Ausnamen an eiser Landschaft Ersatzgesellschaften zum Bësch duerstellen, reagéieren allerdéngs ganz empfindlech op Standuertsverännerungen. Duerch d'Opforstung oder Verbroochung vun de Fläche si vill Planzenaarten no an no zréckgedréngt ginn. D'Gentiana cilliata oder d'Bei (Ophrys apifera) sinn heivu betraff. Duerch déi natierlech Suzessioun setze sech héich Grieser wéi d'Brachypodium pinnatum duerch, ier éischt Getraisch wéi d'Schléif (Prunus spinosa), d'Wäissdar (Crataegus monogyna) an d'Haartrutt (Cornus sanguinea) lues vum Bord hir an déi oppe Fläche virdréngen an en éischte Verbuschungsstadium bilden. Fir d'aarteräich Hallefdréchewise laangfristeg z'erhalen an eng Verbuschung ze verhënneren, musse Fleegemoossnamen a Form vun enger extensiver Beweedung oder duerch e spéid Méien duerchgefouert ginn.

Op den Hallefdréchewisen an an den hallefoppene Getraischbestänn fanne vill Päiperleken en optimale Liewensraum. Laanscht déi villfälteg ausgeprägte Getraischer wuesse Planzen, déi d'Hëtzt gär hunn, wéi Lithospermum officinale oder de Wëlle Kléi (Trifolium medium) a weise sech de Schwirrel (Locustella naevia) d'Bëschgraatsch (Sylvia communis) oder d'Heckegraatsch (Sylvia curruca). D'Hieselmaus (Muscardinus avellanarius) an déi rar Schnepp (Scolopax rusticola) profitéiere vun oppene Getraischstrukture mat Hieselter (Corylus avellana), während déi strukturräich Bëscher vum Kuebendällchen mat alem Bambestand vu Schwaarzspiecht (Dryocopus martius) a Mëttelspiecht (Dendrocopos medius) bewunnt ginn. D'Aartevillfalt am Gebitt gëtt nach erhéicht duerch déi klengflächeg naass Plaze wou Quellen austrieden. Op dëse Plaze wuessen de rare Rise-Kazeschwanz (Equisetum telmateia) oder d'Supp-Hondsdëschtel (Cirsium palustre).

[Änneren] Naturléierpad

Panneau vum Léierpad
Panneau vum Léierpad

Am Joer 2000 ass vun der Forstverwaltung e Léierpad mat informative Panneauen iwwer interessant Aspekter vum Dällchen amenagéiert ginn. De Circuit kann zu Wëntreng (6 km), Wellesteen (5 km) an Elveng (6 km) all Kéiers bei der Kierch ugefaang ginn.

[Änneren] Referenzen

  • Brochure: Naturschutzgebiet Kuebendällchen. Ëmweltministère - Forstverwaltung, 2000.

[Änneren] Kuckt och


aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -