Montafon
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Montafon ass e 39 km laangen Dall am Vorarlberg (Éisträich), dee vu Bludenz aus fortgeet a vun der Ill bewässert gët. Am Norde gëtt den Dall vun der Verwallgrupp an am Süde vum Rätikon an der Silvretta begrenzt. Den héichste Bierg an der Géigend ass de Piz Buin (3.312 m) an der Silvretta.
[Änneren] Uertschaften
Am Dall gëtt et 13 Uertschaften, a si heesche vun Bludenz aus gesinn der Rei no: Stallehr, Lorüns, Sankt Anton im Montafon (650 m), Vandans (660m), Bartholomäberg (1.100 m), Schruns (700 m), Tschagguns (700 m), Silbertal (890 m), Sankt Gallenkirch (900 m), Gargellen (1.430 m), Gortipohl (950 m), Gaschurn (1.000 m) a Partenen (1.050 m).
[Änneren] Verkéier
D' Silvretta Hochalpenstraße L188 verbënnt de Montafon mat dem Paznaun am Bundesland Tirol. D'Montafonerbunn geet vu Bludenz op Schruns.