See also ebooksgratis.com: no banners, no cookies, totally FREE.

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Metze Schmelz - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Metze Schmelz

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

D’Metze Schmelz zu Esch-Schëffleng, spéider ARBED-Schëffleng, war 1871 eng vun den éischte Schmelzen déi direkt bei de Minette-Virkommen gebaut goufen. Esch-Uelzecht hat deemools just 1.900 Awunner.

De Numm hat d’Schmelz vun der Schmelzhäre-Famill Metz obwuel et u sech eng Joint Venture tëscht der Metz & Cie vum Norbert Metz an der Société anonyme des mines de Luxembourg et des forges de Sarrebruck vum Victor Tesch war.

D’Entscheedung fir d’Schmelz ze baue muss am Kontext vun der politescher Décisioun vun der Lëtzebuerger Regierung gesi ginn, Konzessioune fir d’Minièren un d’Konditioun ze bannen, datt d’Minette am Land weiderverschafft muss ginn.

Den 18. September 1871 hunn de Norbert Metz an de Victor Tesch eng Konventioun ënnerschriwwen eng Schmelz mat véier Héichiewen zu Esch-Schëffleng ze bauen. D’Käschte goufen tëscht den zwéi Partner gedeelt. Déi éischt Direktere waren den Hubert Muller, en Eedem vum Victor Tesch, an de Léon Metz, de Fils vum Auguste Metz. Déi zwéin hunn allebéid am Schlass Berwart zu Esch gewunnt.

Tëscht Oktober 1871 a Februar 1873 goufen déi véier Héichiewen a Betrib geholl. 1875 goufen 100.000 Tonne Goss produzéiert. De Maximum gouf 1881 an 1882 erreecht mat 146.000 Tonnen. D’Halschent vum Goss ass engem Kontrakt no op Burbach gaange fir do weider verschafft ze ginn.

Mat der Fusioun zur ARBED 1911 ass aus der Metze Schmelz d’ARBED-Schëffleng ginn.


[Änneren] Quellen

Félix Chomé: ARBED, Un demi-siècle d’histoire industrielle 1911-1964, Lëtzebuerg, ouni Datum


aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -