See also ebooksgratis.com: no banners, no cookies, totally FREE.

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Metaphysik - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Metaphysik

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Metaphysik ass en Deelgebitt vun der Philosophie.

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Origin a Bedeitung vum Wuert "Metaphysik"

Wéi den Andronikos vu Rhodos dem Aristoteles säi Wierk klasséiert huet, huet hien mat den 8 Bicher iwwer d'Natur (op griechesch φύσις) ugefaang. Do hannendrunn huet hien déi 14 Bicher iwwer d'Philosophie gestallt an se τὰ μετὰ τὰ φυσικά (dat hannert der Physik (hei also am Senn vun Natur)), obschonns den Inhalt vun dëse Bicher éischter virdru gepasst hätt well dodran, ënnert anerem, d'Gondlage vun der Physik vum Aristoteles opgezeechent ginn. Esou kënnt et datt d'Wuert haut zwou Saache bezeechene kann:

  1. en Deel vum Wierk vum Aristoteles, dat an d'Geschicht vun der Philosophie agoung well et als Éischt probéiert huet d'Philosophie systematesch, logesch an allgemenggülteg ze begrënnen.
  2. d'Studium vun den éischten Ursaachen vum Sinn (kuck #Themen), dat dann och méi oder manner passend kann als dat bezeechent ginn dat hannert der Physik läit.

[Änneren] Themen

[Änneren] Aféierend Beispill

Dacks ass et schwiereg iwwerhaapt ze verstoen em wat et an der Metaphysik geet. Folgend einfacht Beispill soll hellefen deer Saach méi no ze kommen.

An engem Raum steet en Dësch an op dem Dësch läit en décken, säftege, gréngen Apel. Iwwer den Apel kann een eng ganz Rei metaphysesch Froe stellen.

  • Den Apel ass e gutt Beispill fir e physescht Objekt: et kann een en an de Grapp huelen, e geheien, en iessen a.s.w. En befënnt sech am Raum an an der Zäit. Esou kéint ee froen "wat mecht dann elo e physescht Objekt aus?" Besteet et just aus dem Zesummeschloss vun sengen Egeschaften (deck, gréng, säfteg...) oder gett et eng Substanz déi et ausmecht, well et kann een sech jo och e klengen, drechenen, rouden Apel virstellen an en awer als Apel erkennen.
  • Eng aner Fro ka sinn: "wat ass eng Eegenschaft?" Gréngsinn an Apelsinn sinn zwou verschidde Saachen: en Apel kann een an de Grapp huelen awer d'Egeschaft Gréengsinn net. Et existéieren och vill aner Saachen déi d'Egeschaft Gréngsinn besëtzen, wéi ass et also mat dem Gréngsinn u sech, gëtt et eng Universalie Gréngsinn.
  • Den Apel existéiert am Raum (am Raum um Dësch) an an der Zäit (e war virun enge Zäit nach net do a wärt och iergendwann net méi do sinn). Mee wat heescht Raum an Zäit? Ass de Raum z. B. en 3-dimensionalt onsichtbart Gitter an dem sech den Apel befënnt? Existéiert dat Gitter nach wann een den Apel an all aner physesch Objekter ewechhëllt?

Dëst si Beispiller vu metaphysesche Froen. Si deite schonns un datt et em eppes geet dat net mat naturwëssenschaftlechen Methode kann erfuerscht ginn.

[Änneren] Ënnerdisziplinnen

  • D'Ontologie (Léier vum Sinn) befaast sech mat Froen wéi se am aféierende Beispill genannt goufen, déi mat der Existenz vu Objekter (eventeull och Gedankenobjekter) ze dinn hunn.
  • D'rational Theologie freet no der/den éischter/en Ursaache vum Sinn. Si kënnt no un d'natierlech Theologie erunn.
  • D'Philosophie vun der Perceptioun freet a wéi engem Mooss dat wat mir wouerhuelen der Realitéit ensprecht a ob et eng Realitéit gëtt déi eis onzougänglech ass.

[Änneren] De Begrëff „Sinn“

Fir e metaphysesche System ass d'Aart a Weis wei een d'Sinn opfaasst vu grousser Wichtegkeet. Traditionell ginn et 2 verschidden Usätz:

[Änneren] Univokt Verständness vum Sinn

„Sinn“ ass hei déi aller-allgemengst Charakteristik vu Saachen (genannt „dat wat ass“ oder „Entitéiten“). Et ass dat, wat allem wat ass nom Eweghuele vun sengen individuellen Egeschaften ëmmer nach gemeinsam ass: datt et ass.

Dëse Begrëff vum Sinn féiert zu enger sougenannter „Wiesensmetaphysik“. De Géigepart vum Sinn ass hei d'„Wiesen". D'Sinn erlabt dem Wiesen d'Existenz.

[Änneren] Analogt Verständness vum Sinn

Hei ass „Sinn“ dat wat allem zoukënnt, mee op verschidde Manéieren (Analogia entis). D'Sinn ass dat, wouran all d'Saache engersäits d'selwecht sinn awer wouran se sech anersäits och ënnerscheeden.

Dëse Begrëff vum Sinn féiert zu enger sougenannter „Metaphysik vum Sinn“. De Géigepart vum Sinn ass hei d'„Näischt" well näischt baussent dem Sinn stoe kann.

[Änneren] Kritik a Géigekritik

Zu allen Zäiten, besonnesch awer zanter der Opklärung gëtt d'Metaphysik kritiséiert well se sech mat net-erfuerschbare Saachen auserneesetze géif an dofir als sënnlos kéint betruecht ginn. Sou sot z. B. der Rudolph Caranp „Metaphysiker si Musiker ouni musikalescht Kënnen."

Dës Kritik iwersäit awer datt een dee Metaphysik ofleent un sech just en aneren metaphysesche System (mat engem aneren Ausgangspunkt) opstellt. Dëst kënnt z. B. am Theodor W. Adorno senger Aussoo „Datt keng Metaphysik méigelech ass, gëtt zur leschter“ zum Ausdrock.


aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -