Messina (Italien)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dëse Geographiesartikel zu Italien ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der italienescher Stad Messina. Fir d'afikanesch Stad mam selwechten Numm, kuckt w.e.g. Messina (Südafrika). |
Messina | |
---|---|
Italien | Italien |
Regioun: | Sizilien |
Provënz: | Messina |
Koordinaten: | 38°11' n.B., 15°33' ë.L. |
Fläch: | 211,7 km² |
Awunner: | 246.695 (2004) |
Bevëlkerungsdicht: | 1165 / km² |
Héicht: | 55 m i. NN |
Messina ass déi drëttgréisste Stad vu Sizilien (Italien) a gläichzäiteg de Verwaltungssëtz vun der Provënz Messina.
Messina ass och doduerch bekannt, well do déi sougenannt Konferenz vu Messina vum 1.-3. Juni 1954 stattfond huet. D'Ausseministeren vun der Montanunioun, dorënner och de Joseph Bech, sinn nämlech deemools zu Messina zesummekom, fir ze beroden, wéi se d'Europäesch Zesummenarbecht nom Echec vun der Europäescher Verdeedegungsgemeinschaft (CED) kënnten relancéieren.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Geographie
Messina huet 246.695 Awunner (Stand: 30. September 2005), déi op engerr Fläch vu 211,7 km² liewen. D'Wirtschaft ass duerch d'Industrie gestempelt, d'Awunner sinn a Schëffschantjen, an der Liewensmëttelindustrie, an der Metallverarbeschtung an och an der chemëscher Industrie beschäftegt.
D'Stad läit un der Strooss vu Messina. Ongeféier 90 Kilometer südlech läit Catania a ronn 230 Kilometer westlech d' Haaptstad vun der Regioun, Palermo. Den Ätna, dee mat méi wéi 3300m den hëchsten Vulkan vun Europa ass, läit ronn 70 km süd-westlech vu Messina.