Marie-Claude Beaud
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Marie-Claude Beaud, gebuer 1946 zu Besançon, ass eng Ausstellungscommissairin an Direktesch vu Kulturinstitutiounen. Vun 2000 bis Enn 2008 ass si Direktesch vum Musée d'Art Moderne Grand-Duc Jean.
Vun 1963-1968 huet si Konschtgeschicht an Archeologie studéiert. Dono huet si op der Universitéit vu Besançon enseignéiert a war vun 1976 bis 1978 Assistent-Ausstellungscommissairin vum Musée vu Grenoble. Dono war si am Musée vun Toulon agestallt. Tëscht 1994 an 1996 war si Generaldirektesch vum American Center zu Paräis. Dono, bis 2000, war si Genraldirektesch vun de Muséeë vun der Union centrale des Arts décoratifs (an Direktesch vum Musée de la publicité). Zënterhir leet si de Mudam.
Hiert Markenzeechen ass, keng Oftrennungen z'akzeptéieren. Si ënnerstëtzt Begéignungen, Vermëschungen a Konfrontatiounen tëscht Konschtstiler, -richtungen a medien.