Mali
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
République du Mali | |||||
|
|||||
Offiziell Sprooch: | Franséisch | ||||
Haaptstad: | Bamako | ||||
Staatsform: | Presidialrepublik | ||||
Fläch: | 1.240.192 km² | ||||
Bevëlkerung: | 11.716.829 (2006) | ||||
Mali, op Franséisch République du Mali, ass e Staat a West-Afrika.
[Änneren] Struktur vum Land
D'Land mat enger Fläch vun 1.240.192 Kilometer carré ass an aacht Regiounen agedeelt; dobäi kënnt nach de Regierungsdistrikt.
[Änneren] Sproochen
Déi offiziell Sprooch ass Franséisch.
[Änneren] Stied
- Bamako mat 1,2 Milliounen Awunner
- Sikasso
- Ségou
- Kayes
- Mopti
- Kati
[Änneren] Regierung
Staatschef ass zënter 2002 den Amadou Toumani Touré, deen 2007 nees gewielt gouf.
[Änneren] Reliéist Liewen
80 % vun den Awunner si Muslimen. Chrëschte si mat 1,2 % vun de Leit an enger absoluter Minoritéit. De Rescht verdeelt sech op villerlee Glawenschrichtungen, déi hir Originnen an der Geschicht vum Land hunn.
[Änneren] Handel
Beim Export spillt d' Gold an de Kotteng eng wichteg Roll.
D'Land importéiert Pëtrolsprodukten, Maschinnen a Gefierer.
Algerien - Angola - Ethiopien - Benin - Botswana - Burkina Faso - Burundi - Kamerun - Kap Verde - Zentralafrikanesch Republik - Tschad - Komoren - Demokratesch Republik Kongo - Republik Kongo - Elfebeeküst - Dschibuti - Egypten - Äquatorialguinea - Eritrea - Gabun - Gambia - Ghana - Guinea - Guinea-Bissau - Kenya - Lesotho - Liberia - Libyen - Madagaskar - Malawi - Mali - Mauretanien - Mauritius - Marokko - Mosambik - Namibia - Niger - Nigeria - Ruanda - São Tomé a Príncipe - Senegal - Seychellen - Sierra Leone - Somalia - Südafrika - Sudan - Swasiland - Tansania - Togo - Tunesien - Uganda - Sambia - Simbabwe