See also ebooksgratis.com: no banners, no cookies, totally FREE.

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Madame du Barry - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Madame du Barry

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

D'Madame du Barry
D'Madame du Barry

D'Marie-Jeanne Bécu (*19. August 1743 a Loutréngen, † 8. August 1793 zu Paräis), besser bekannt als Madame du Barry war eng Courtisane a Maîtresse vum Louis XV. vu Frankräich.

D'Marie-Jeanne Bécu ass den 19. August 1743 zu Vaucouleurs (Meuse, Loutréngen) op d'Welt komm. Si wor d'Duechter vun der Anne Bécu, enger Néiesch an héchstwahrscheinlech vum Jean-Jacques oder Jean-Baptise de Vaubernier, engem Mënch aus dem Klouschter vu Picpus zu Paräis.

Si krut eng exzellent Ausbildung bei de Schwëstere vu Sainte-Maure vun 1753 un, déi si dem Nicolas Rançon ze verdanken hat, engem Fournisseur vu Liewensmëttel vun der Arméi mat dem sech hir Mamm am Joer 1749 bestuet hat. 1758 ass si mat hire Studië fäerdeg, verkeeft am Ufank Parécken zu Paräis, a gëtt duerno Dëngschtmeedche vun enger Famill vu Fermiers généraux, wat hir erlaabt, sech d'Personnalitéite vun der héijer Gesellschaft unzekucken. Duerno war si Vendeuse am Kleedergeschäft La Toilette zu Paräis.

De Jean du Barry gouf op si opmierksam, wéi si grad emol 19 Joer hat. Nodeems si seng Maîtress ginn war, wor si och eng Nobel-Prostituéiert ënner verschiddenen Nimm, ënner anerem als Mlle Langes. Bei engem Diner huet de Jean du Barry virun engem Valet vum Kinnek vu senger Maîtresse geschwärmt. Dat krut de Louis XV. natierlech mat, an am Joer 1768 wollt hien si onbedéngt kenneléieren. De Jean du Barry an de Richelieu hate wuel de Projet si als Maîtresse um Haff anzesetzen, fir de Louis XV. dozou ze bréngen, hiren ale Feind de Minister Choiseul erauszegeheien. Sou huet de Kinnek dës jonk Fra kennegeléiert, deeër hir Perséinlechkeet duerch Philosophie- a Literatur-Coursen raffinéiert gi war.

Den ale Louis XV. wor vun hirer Schéinheet begeeschtert. Nodeems hien iwwert hir wierklech sozial Ëmstänn Bescheed wosst, huet hien drop bestanen, dass si en Titel misst kréien. Fir e Rang um Haff ze kréien, gouf si mam Guillaume du Barry bestuet, dem Brudder vum Jean du Barry dee schonns bestuet war, an zu Toulouse gelieft huet. Den 1. September 1768 gouf aus dem Marie-Jeanne Bécu offiziell d'Madame du Barry, en Titel deen si bis dohinner och schonn illegal benotzt hat. Si gouf dem Haff am Abrëll vum Joer 1769 firgestallt.

D'Madame du Barry huet net versicht, eng politesch Roll ze spillen; si huet de Kinnek als Remplaçante vun der Madame de Pompadour zefridde gestallt. Si krut eng immens Rent, deier Bijouxen a verschidden Territoiren (Louveciennes, net wäit ewech vu Marly-le-Roi, a Saint-Vrain). Si huet versicht, sech mat all Mënsch gutt ze halen, an de Voltaire deem si zwee Kusse mat der Post geschéckt hat, huet hir folgend Entwert geschriwwen:

Quoi, deux baisers sur la fin de la vie !
Quel passeport vous daignez m’envoyer !
Deux, c’est trop d’un, adorable Égérie,
Je serai mort de plaisir au premier.

De Choiseul huet awer kee Geheimnis draus gemaach, dass hien d'Favorite net gebrauche konnt. Hien huet divers Lidder a pornographesch Schrëften (L’Apprentissage d’une fille de modes; L’Apothéose du roi Pétaud) iwwert si verbreede gelooss an ugestëppelt. D'Madame du Barry huet sech dunn dem Parti dévôt zougewand, mee de Choiseul schéngt onuntaaschtbar ze sinn. D'Hochzäit vum Dauphin Louis XVI. an der Marie-Antoinette wor säi Verdingscht. D'Marie-Antoinette, nodeems hat iwwert d'wierklech Relatioun tëscht der du Barry an dem Kinnek Bescheed wees, kann si och net gebrauchen. 1771, um Héichpunkt vu senger Faveur, wor et der du Barry gelongen, de Choiseul erausgeheien ze loossen, wat den Haass vum Marie-Antoinette nëmme vergréissere konnt.

Nodeems de Louis XV. wosst, dass hie Syphilis hätt, huet hien d'du Barry an d'Abtei vu Pont-aux-Dames geschéckt, wou si a grousser Frëmmegkeet gelieft huet. Am Oktober 1776 huet si d'Abtei nees verloss, a sech definitif zu Louvenciennes néiergelooss. 1789, beim Ausbroch vun der Revolutioun, huet si sech ëm blesséiert royalistesch Zaldote gekëmmert, woufir hir d'Marie-Antoinette an engem Bréif Merci gesot huet. Hir Vergaangenheet huet si suspekt fir d'Republikaner gemaach, mee si approuvéiert ëffentlech de politesche Changement, op aus Angscht oder Iwwerzeegung ass net gewosst. Zu London, wou si sech opgehalen huet, krut si d'Noriicht vum Louis XVI. sengem Doud. Si huet ëffentlech getrauert, wat Spioune vun der Republik matkritt hunn.

1791 goufen hir wertvoll Bijouxe geklaut. Wuel ouni sech bewosst ze sinn, wat dëst fir Konsequenze kéint hunn, huet si alles a Bewegung gesat, fir hir Bijouxen zeréckzefannen. Hire Räichtum, d'Relatiounen déi tëscht hir an den Emigranten ugeholl ginn an hir Konditioun als ehemoleg kinneklech Maîtresse hunn aus hir e perfekt Ziel fir d'Revolutionnär gemaach. Si gouf zum ennemi de la Révolution deklaréiert, an no engem Prozess gouf si den 8. Dezember 1793 guillotinéiert. An hire leschte Momenter wor si immens schwaach, an huet vill Leit verroden, déi duerno och ënnert der Guillotine gestuerwe sinn.

[Änneren] Literatur zum Thema

  • René de La Croix de Castries, Madame du Barry, Hachette, Paräis, 1967.
  • Frédéric Lenormand, Mademoiselle Chon du Barry, ou Les surprises du destin, Robert-Laffont, Paräis, 1996.
  • Jacques de Saint-Victor, Madame du Barry, un nom de scandale, Perrin, Paräis, 2002. (ISBN 2262016615)
  • Madame du Barry : de Versailles à Louveciennes, catalogue de l'exposition présentée au Musée-promenade de Marly-le-Roi du 21 mars au 29 juin 1992, Paräis, 1992.

[Änneren] D'Madame du Barry am Film

  • La Du Barry, Stommfilm vum Ernst Lubitsch aus dem Joer 1919.
  • Madame du Barry, historesche Film vum William Dieterle aus dem Joer 1934.

[Änneren] Um Spaweck


aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -