Méckefänkert
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
E Méckefänkert ass en Dispositif, fir Mécken an de Wunnenge lass ze ginn.
Den Numm ass eigentlech en Euphemismus, well et geet wuel drëm, fir d'Mécken ze verdillegen.
[Änneren] De System
De Méckefänkert besteet aus enge schmueler Sträif Pabeier, déi mat Läim iwwerzunn ass.
[Änneren] D'Patent
Zënter der Mëtt vum 19. Joerhonnert war et de Brauch, fir Pabeier- oder Stoffsträifen, déi a Läim gezappt waren, un de Plafong ze hänken, datt Mécke sollten drun hänke bleiwen.
1910 huet de Schwob Theodor Kaiser säi Méckefänkert patentéiere gelooss. Hien hat et fäerdeg bruecht, e Läim z'entwéckelen, deen am Summer net laanscht de Pabeier gesabbelt ass, an a kalen Deeg net haart gouf. Desweideren louch an all Päckelchen eng Punaise an d'Papeiersträif hat e Wutz aus Bast, fir e mat Hëllef vun deem um Plafong festzedrécken.
De Kaiser huet och Maschinnen entwéckele gelooss, fir seng Erfindung ze fabrizéieren. No an no huet hien 12 Filiale bedriwwen. Am Dezember 1930 ass hie mat 65 Joer gestuerwen a säi Jong Friedrich huet d'Fabrécken iwwerholl. D'Firma Aeroxon liwwert haut nach an déi ganz Welt.